Mustafa Kemal Atatürk

tierkesche Grenner vun der moderner Tierkei
(Virugeleet vu(n) Atatürk)

De Mustafa Kemal Atatürk, gebuer den 19. Mee 1881 zu Saloniki, a gestuerwen den 10. November 1938 zu Istanbul, war en tierkesche Generol a Grënner vun der moderner Tierkei.

Mustafa Kemal Atatürk
Gebuertsnumm Ali Rıza oğlu Mustafa
Gebuer 1881
Gestuerwen 10. November 1938
Doudesursaach Liewerzirros
Nationalitéit Tierkei, Osmanescht Räich
Aktivitéit Politiker, Offizéier, Staatsmann, Schrëftsteller, Revolutionär, Arméisoffizéier

De Mustafa Kemal war bei der Gruppéierung vun de Jong Tierken aktiv, deenen et 1908/1909 gelonge war eng biergerlech Verfassung géint den deemolege Sultan duerchzesetzen.

An de Joren 1911 an 1912 huet hien am italieenesch-tierkesche Krich deelgeholl an hien huet als Kommandant am Éischte Weltkrich op der Säit vun Däitschland d'Landung vun den Alliéierten op den Dardanelle verhënnert.

Nom Enn vum 1. Weltkrich huet de Mustafa Kemal sech un d'Spëtzt vun enger Beweegung géint déi alliéiert a griichesch Besatzung vun der Tierkei gesat. 1920 huet hien eng Nationalversammlung zu Ankara aberuff an 1921/22 huet de Mustafa Kemal d'Griichen aus Klengasien verdriwwen.

1923 huet hien d'Republik ausgeruff.

Als éischte President vun der Tierkei huet hie mat diktatoresche Mëttelen d'Land déifgräifend no westlechem Virbild reforméiert. Sou huet hien ënner anerem déi laténgesch Schrëft an e biergerlecht Gesetzbuch ageféiert. Hien huet sech och fir d'Emanzipatioun vun de Fraen agesat an huet de Verbuet vum Fez a vum Schleier an den ëffentleche Schoulen duerchgesat.

Dem Mustafa Kemal huet sou d'Tierkei aus dem Mëttelalter an d'Neizäit gefouert an 1934 krut hien den Éierentitel Atatürk (Papp vun den Tierken).

Um Spaweck änneren

Commons: Mustafa Kemal Atatürk – Biller, Videoen oder Audiodateien