Jonk Fuerscher Lëtzebuerg, och nach Fondation Jeunes scientifiques Luxembourg genannt, gekierzt FJSL, ass e Veräi mat Sëtz am Forum Geesseknäppchen an der Stad Lëtzebuerg, deen den 1. September 1977 gegrënnt gouf.[1] De Veräi riicht sech am Prinzip u Jonker bis 21 Joer, déi sech fir Wëssenschaft a Fuerschung interesséieren. Erwuessener kënnen och Member ginn. D'Aktivitéite vum Veräi gi vum Fuerschungsministère a vum Nationale Fuerschungsfong ënnerstëtzt.

Ziler vun der AJSL änneren

  • d'Fërdere vun Aktivitéiten um nationale Plang am Beräich Wëssenschaftserzéiung baussent de Schoulzäiten;
  • d'Organisatioun vu Concourse fir jonk Fuerscher;
  • d'Zesummenaarbecht mat aneren Organisatiounen um nationalen an um internationale Plang, déi an änleche Beräicher aktiv sinn.

Facilitéiten an Aktivitéiten änneren

  • Kontakter mat Spezialisten;
  • Virschléi fir ze fuerschen;
  • d'Matmaache bei international Concoursen;
  • Stagen am Ausland;
  • interessant Visitten, Ausstellungen a Konferenzen.

Concoursen a Präisser änneren

Kooperatiounen änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Cf. d'Statuten am Mémorial Nr. 31: 1465, 24. Februar 1978; d'Refonte aus dem joer 2005 (Mémorial Nr. 1028: 49312-49314, 12. Oktober 2005).