Association des hommes du Luxembourg

D'Association des hommes du Luxembourg (de. Luxemburgische Männervereinigung, lb. Männervereenegung Lëtzebuerg), kuerz AHL a.s.b.l, ass eng Männervereenegung ouni Gewënnzweck, déi den 18. Dezember 2005 zu Lëtzebuerg als Association luxembourgeoise d'aide aux hommes en instance de divorce et divorcés ((de) Luxemburgische Männervereinigung der Geschiedenen und in Scheidung lebenden Männer, (lb) Lëtzebuerger Männervereenegung fir Gescheeten an a Scheedung liewent Männer), kuerz Alahidd, gegrënnt gouf[1]. D'Vereenegung huet am Februar 2006 hiren Numm geännert, an heescht elo Association des hommes du Luxembourg[2].

Association des hommes du Luxembourg
Basisdaten
Grënnungsdatum 18. Dezember 2005
Éieremember: François Reding
President: Fernand Kartheiser
Vizepresident Marcel Kutten
Keesjee Pascal Fournel
Sekretär Claude Schroeder
Adress Haaptsëtz: 10, rue basse
L-4963 Kënzeg
Sëtz: 53, avenue de Luxembourg
L – 4940 Nidderkäerjeng
Websäit http://www.ahl.lu

Zanter dem 13. Mäerz 2008 steet d'AHL an engem Kooperatiounsvertrag mat der Partei Alternativ Demokratesch Reformpartei.

Geschicht

änneren

D'Haaptthema vum Veräin ass, datt si sech allgemeng fir den Intressi vun de Männer asetzen, wéi och d'Theemen déi vun ëffentlechen Instanzen am Hibléck op d'Chancegläichheet zwëscht Mann a Fra diskutéiert ginn, wouduerch d'AHL seng Bekanntheet zu Lëtzebuerg kritt huet.

Wéiderhi këmmert sech de Veräin ëm d'Scheedungsproblematik a verfollegt d'Reformvirschléi zu de Scheedungsgesetzter ganz genee. Ganz wichteg Sujete sinn dobäi och d'Suergerecht, d'Rechter vun de Pappe bei der Ausübung vun hire Besuchs an Ënnerbrëngungsrechter, d'Ënnerhaltsgeld, wéi och déi finanziell a stéierlech Situatioun vun de getrennt liewenden oder gescheete Männer.

Och aner wichteg Theemen, léisst de Veräin net ausser Uecht: D'Problemer vun de Jongen an de Schoulen, d'Suizider zu Lëtzebuerg, sexuell Belästegung, d'Gewalt an der Famill an doheem, d'Sécherheet op der Aarbecht, Versécherungsfroen a ganz generell nach déi Beräicher, wou Männer a Jongen Affer vu Virurteeler oder Benodelegunge sinn.

D'AHL wëll dobäi e wichtege Gespréichspartner vun de Lëtzebuerger Verwaltunge ginn. D'Ziler sinn: D'Verdeedegung vun den Intressie vun de Männer, d'Entwécklung an d'Ënnerstëtzung vun der Gläichheet zwëscht Mann a Fra, de Kampf géint Diskriminéierung där d'Männer ausgesat sinn. Am Sënn vun deem Dokument ass ënner "Männer" all Individuum vum männleche Geschlecht, onofhängeg vum Alter, ze verstoen, d'Hëllef fir gescheet Männer, an déi déi an der Scheedung sinn, Informatioun iwwer d'Problematik vun der Scheedung an hire Konsequenzen, d'Verdeedegung vun den Intressie vun de Kanner a Männer am Scheedungsfall, d'Entwécklungshëllef an d'Wuelergoe vun de Männer an Entwécklungslänner an 'Organisatioun an d'Bedeelegung u sozialen a kulturellen Events.

Kooperatioun mam ADR

änneren

D'AHL an hire President Fernand Kartheiser hu sech den 13. Mäerz 2008 entscheet, e Kooperatiounsvertrag mam ADR z'ënnerschreiwen. Dee Vertrag erméiglecht, datt d'AHL Kandidaten d'Recht hunn op de Lëschte vun der ADR ze kandidéieren, wéi 7. Juni 2009 bei de Chamberswalen. Déi Entscheedung résultéiert doraus, datt eng Rëtsch Gemeinsamkeeten an de Programmer festgestallt goufen.

Mediepresenz

änneren

D'Mediepresenz ass ganz grouss. D'AHL huet sech e puermol den Interviewe vun RTL gestallt, wéi och verschidde Presseartikele vun de verschiddenste Presseorganer a politeschen Debatten.

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial Nr. 994: 47685-47687 vum 6. Oktober 2004.
    Cf. d'Statutenännerungen am Mémorial Nr. 2797:134236-134237 vum 20. November 2008.
  2. Cf. d'Ännerung vum Numm am Mémorial Nr. 841: 40356 vum 27. Abrëll 2006.