D'Assia Djebar (fir richteg Fatima-Zohra Imalayène), gebuer den 30. Juni 1936 zu Cherchell bei Alger a gestuerwen de 6. Februar 2015 zu Paräis, war eng franséischsproocheg algeeresch Schrëftstellerin, Regisseurin, Historikerin an Héichschoulprofessesch. Si gëllt als eng vun de renomméiertsten Autorinnen aus dem Maghreb. Hir Wierker goufen a méi wéi 20 Sproochen iwwersat.

Assia Djebar
Gebuertsnumm Fatima-Zohra Imalhayène
Gebuer 30. Juni 1936
Gestuerwen 6. Februar 2015
19. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich, Algerien
Educatioun École normale supérieure
Aktivitéit Linguist, Filmregisseur, Professer, Iwwersetzer, Schrëftsteller, Historiker
Member vun Académie française

Si krut 1997 eng Professur op der Louisiana State University a vun 2001 bis zu hirem Doud op der New York University.

Nieft hire Romaner huet si och d'Regie bei zwéin Dokumentarfilmer gemaach an Dréibicher geschriwwen.

De 16. Juni 2005 gouf d'Assia Djebar als éischt Schrëftstellerin aus dem Maghreb an d'Académie française gewielt.

Publikatiounen änneren

Romaner, Erzielungen, Dramatik an Essayen änneren

  • La soif. (1957).
  • Les impatients. (1958).
  • Les enfants du nouveau monde. (1962)
  • Les alouettes naives. (1967)
  • Rouge l'abue. mam Walid Garn (1969)
  • Femmes d'Alger dans leurs appartement. (1980).
  • Algeerescht Quartett:
I. L'amour, la fantasia. (1985).
II. Ombre Sultane. (1987).
III. Vaste est la prison. (1995).
IV. Les nuits de Strasbourg. (ëmstridden, op deen dozou gehéiert oder net)
  • Loin de Médine. (1991).
  • Le blanc d'Algérie. (1996)
  • Oran, langue morte. (1997).
  • Les nuits des Strasbourg. (1997).
  • Ces voix qui m'assiègent, en marge de ma francophonie. Essays, Albin Michel, Paris 1999, ISBN 2-226-10823-8.
  • La femme sans sépulture. (2002).
  • La disparition de la langue francaise. (2003)
  • Nulle part dans la maison de mon père. (2007) (Autobiografesch Erzielung bis 17. Joer)

Filmer änneren

  • La Nouba des femmes du Mont Chenoua. Dréibuch a Regie, Algerien 1978 (Präis v. d. internationaler Kritik op der Biennale vu Venedeg 1979)
  • La Zerda ou les chants de l'oubli. Dréibuch a Regie, Algerien 1982 (Spezialpräis op der Berlinale 1982 fir dee beschten historesche Film)

Literatur änneren

  • Beida Chikhi: Les romans d'Assia Djebar. Offices des publications universitaires, Alger 1990
  • Jeanne-Marie Clerc: Assia Djebar: écrire, transgresser, résister. L'Harmattan, Paris/ Montréal 1997

Um Spaweck änneren

Commons: Assia Djebar – Biller, Videoen oder Audiodateien