Den Arsia Mons ass e Schëldvulkan an der Tharsis-Regioun vum Planéit Mars an ee vun den dräi Tharsis Montes, déi 1971 vun der Raumsond Mariner 9 observéiert goufen. Mat engem Basisduerchmiesser vun 350 km an enger Héicht vu 14 km ass hien no sengem Volumen den zweetgréisste bekannte Vulkan. De Loftdrock op der Spëtzt läit ënner 107 Pascal. Wéi déi ganz Kette vun den Tharsis Montes, sou ass och den Arsia Mons zanter zirka 100 Mio. Joren erläscht. Déi ongewéinlech Gréisst vun dëse Schëldvulkaner geet wuel drop zeréck, well et um Mars keng Plackentektonik gëtt; d'Kuuscht also net iwwer den Hotspot ewechzitt. Amplaz vun enger Kette vu Vulkaner entsteet sou e gewaltege Schëldvulkan. Ursach fir déi staark vulkanesch Aktivitéit an der Vergaangenheet dierft en Impaktevenement gewiescht sinn - méiglecherweis dat selwecht, dat op der géigeniwwerleiender Säit vum Planéit dat grousst Becken Hellas Planitia geformt hat.

Den Arsia Mons

Déi riseg Caldera, déi beim Astuerz vun der eideler Magmakummer entstoung, hat en Duerchmiesser vun 110 km a bitt all Joer Plaz fir zyklonal Stëbsstierm, déi hir Ursaach an der waarmer Loft hunn, déi virum Wanterufank op der südlecher Marshemisphär op de Flanke vum Bierg eropkënnt a Stëbspartikele mat sech féiert. D'Spiralwollek déi sech iwwer der Caldera optiermt kann Héichte vu 15 bis 30 km erreechen - e Phenomeen, dee bei anere Vulkaner vun der Tharsis-Regioun net z'observéieren ass.

D'Flanke vum Arsia Mons gi vu groussflächege Kollapsstrukture markéiert, déi an enger Schwaachzon leien, déi sech vun Norden no Süden duerch de Vulkankegel zitt. Déi bis zu 2 km déif Astuerztriichteren entstounge warscheinlech wéi grouss Lavastréim am Ufank nëmmen op der Uewerfläch ausgehäert sinn, wärend d'geschmolzend Gestengs am Huelraum drënner weidergefloss ass. Spéider sinn déi Huelraim dann zesummegetrollt. 2007 hunn d'Raumsonden 2001 Mars Odyssey a Mars Reconnaissance Orbiter op den Häng vum Vulkan weider geologesch Strukturen entdeckt, déi sougenannt Siwe Schwësteren. Déi donkel Flecke mat 100–250 m Duerchmiesser ginn als Hielenagäng gedeit.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren