Ars-en-Ré ass eng franséisch Gemeng op der Île de Ré am Departement Charente-Maritime an der Regioun Nei-Aquitaine.

Ars-en-Ré
Den Hafe vun Ars-en-Ré

Den Hafe vun Ars-en-Ré
Den Hafe vun Ars-en-Ré
Land Frankräich
Regioun Nei-Aquitaine
Departement Charente-Maritime
Arrondissement La Rochelle
Kanton Île de Ré
Postcode 17590
Gemengecode 17019
Koordinaten 46° 12’ 29’’ N
      01° 30’ 57’’ W
Fläch  1 095 ha
Bevëlkerung  1 294 (1999)

Et ass eng Uertschaft am Nordweste vun der Insel, mat engem klengen Hafen deen nëmme bei Flut schëffbar ass. Si grenzt am Nordosten an am Osten un de Fier d'Ars, am Norden un d'Gemeng Saint-Clément-des-Baleines, an am Osten u La Couarde-sur-Mer. Am Süden an am Weste stéisst s'un den Atlantik, an ass op der ganzer Längt vun der Küst mat engem Däich protegéiert, dee sech an den Norden erop, bis bei de Phare des Baleines zitt.

Kuckeswäertes

änneren
  • D'Kierch vun Ars mat hirem schwaarzen Tuerm, deen d'Funktioun vun engem Séizeechen huet.
  • D'Batterie Karola um Atlantikwall.
  • Al Millen déi als Wunnhaiser ëmgebaut goufen.
  • De Fier d'Ars an d'Salzsuppen
  • D'Gare vun der fréierer Schmuelspuerbunn vun 1898 am Hafen.
  • De Matray, déi schmuelst Plaz op der Insel déi de Fier d'Ars vum Atlantik trennt, déi knapps 50 Meter breet ass, an iwwer déi d'Departementale D735 féiert.
  • D'Surfplage op der Pointe de Grignon.

Kuckt och

änneren


Um Spaweck

änneren
Commons: Ars-en-Ré – Biller, Videoen oder Audiodateien