Arsène Geubel

belschen Archeolog

Den Arsène Geubel, gebuer den 31. Dezember 1913 zu Arel a gestuerwen de 15. September 2010 zu Namur, war e belsche Lycéesprofesser an Archeolog.

Arsène Geubel
Gebuer 31. Dezember 1913
Arel
Gestuerwen 15. September 2010
Namouer
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Lycéesprofesser, Archeolog
Member vun Commission royale des monuments, sites et fouilles
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Arsène Geubel huet, no der Primärschoul zu Arel an no sengem Secondaire bei de Jesuitten zu Namur an zu Léck, klassesch Philologie op der Universitéit vu Léck studéiert (bis 1936). No enger éischter Ustellung als Enseignant zu Seraing, gouf e Professer fir Griichesch a Latäin am Athénée royal de Neufchâteau (vun 1938 bis 1976). Hien huet niewelaanscht enorm vill fir d'Archeologie an der Provënz Lëtzebuerg geleescht.

Kuerz nom Zweete Weltkrich gouf hie Member vun der Commission royale des monuments et sites, wou hie bis 1989 staark implizéiert war, an 1963 gouf e Vizepresident vun der Commission nationale des fouilles. Schonn 1947 war hien zum effektive Member vum Institut archéologique du Luxembourg zu Arel gewielt ginn, wou en zanter 1946 Administrateur war. Hien huet säi kritescht Denken a seng Ausdrocksfräiheet ëmmer behalen an d'Zesummenaarbecht mat anere Veräiner a senger Provënz, respektiv mat deenen hire Publikatioune gefleegt a gefërdert. Sou huet hien a verschiddene Revuen, wéi Glain et Salm Haute Ardenne, Le Pays gaumais, Curia Arduennae oder Ardenne et Famenne, awer och an de Kultursäite vun der Regionalzeitung L'Avenir du Luxembourg, zimmlech reegelméisseg Artikelen a soss Ausgruwungsraporte verëffentlecht. Hien huet nämlech a senger fräier Zäit vill Prospektiounsaarbecht a Recherchen gemaach a sou eng Rei vun Entdeckunge gemaach. Eng Partie vu sengen Artikele sinn a méi prestigiéise Fachrevuen an der Belsch oder am Ausland publizéiert ginn. Obwuel hie sech just als Archeolog betruecht huet, huet hie mam Banquier an Historiker Louis Gourdet d'Geschicht vun Neufchâteau a senger Ëmgéigend opgeschafft an 1956 a Buchform publizéiert.

PublikatiounenÄnneren

  • [Mam Louis Gourdet] Histoire du pays de Neufchâteau. La ville. la seigneurie. Le ban de Mellier; Gembloux, 1956.
  • [Mam Pierre Pereaux] Le centenaire de l'Athénée royal de Neufchâteau 1850-1950; Léck (Dessain), 1950; 40 Säiten.
  • Fir seng vill archeologesch Bäiträg, kuckt ë. a.: Marie-Hélène Corbiau, Répertoire bibliographique des trouvailles archéologiques de la province de Luxembourg (1978).

LiteraturÄnneren

  • Pierre Hannick, Guido Hossey, Louis Lejeune, Arsène Geubel. Notice biographique; in: Le Luxembourg au fil des siècles - Liber amicorum Arsène Geubel; Neufchâteau (Weyrich Édition), 2007; Ss. 5-14 (ill.).
  • Sonia Klauner, Arsène Geubel, le professeur; in: Le Luxembourg au fil des siècles - Liber amicorum Arsène Geubel; Neufchâteau (Weyrich Édition), 2007; Ss. 15-20 (ill.).