Den ArduSat 1 (vun Arduino a Satellit) ass en US-amerikaneschen Technologietest- an Amateurfunksatellit.

ArduSat 1
Aussetze vum ArduSat 1
Typ Amateurfunksatellit
Land  USA
Agentur NanoSatisfi
COSPAR-Bezeechnung 1998-067DB
Mass 1 kg
Start 3. August 2013, 19:48 UTC
Startplaz Tanegashima Space Center
Drorakéit H-IIB

Opbau an Notzlaascht änneren

Den ArduSat 1 ass e CubeSat vun der Gréisst 1U. D'Haaptplatine huet verschidden Arduino-Leetplacken. Fir d'Steierung an d'Auswäertung konnte selwerentwéckelt Applikatioune gebraucht ginn, déi d'Signaler vun der Kamera a vun de verschiddene Sensoren auswäerten.

De Satellit sent op der Amateurfunkfrequenz 437,325 MHz mat 9600 Baud.

Missiounsverlaf änneren

Den ArduSat 1 gouf den 3. August 2013 19:48 UTC vum Tanegashima Space Center u Bord vum japanesche Raumfrachter HTV-4 zesumme mat de Klengsatellitten ArduSat X, TechEdSat 3 a Pico Dragon mat enger H-IIB op d'Raumstatioun ISS gestart. Den 19. November 2013 gouf de CubeSat vun der ISS aus mat Hëllef vun enger Startvirriichtung an de Weltraum ausgesat.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren