Aradebréck vu Portimão

D'Aradebréck vu Portimão ass eng Schréiseelbréck a Portugal bei der Stad Portimão, am Distrikt Faro. Iwwer d'Bréck féiert d'N125 déi do och IC4 heescht.

Vue op d'Fuerbunn an d'Pylonen

De Bau vun der Bréck déi iwwer de Floss Arade féiert gouf am Abrëll 1988 ugefaangen, an den 13. September 1991 gouf se fir de Verkéier opgemaach.

Se gouf vum Armando Antonio Marques Rito geplangt, an d'Schréisseler goufe vu Freyssinet International geliwwert.

D'Bréck huet eng Totallängt vun 842 m a besteet aus dräi Deeler:

  • Haaptbréck: 470 m mat dräi Felder (107 - 256 - 107
  • Ostramp: 231 m mat 8 Felder (24 - 6x30 - 27)
  • Westramp: 141 m mat 5 Felder (27 - 3x30 - 24)

Déi zwéi Pylone sinn an ëmgedréinter Y-Form gebaut, mat enger Héicht vun 61,5 Meter, an den Tablier huet eng Héicht vun 1,6 m bei enger Breet vu 15,18 Meter.

Beim Material goufe follgend Masse verbraucht:

  • Bëtongsstol: 1.700 t
  • Stol fir d'Schréiseeler: 290 t
  • Bëtong fir Fëllementer: 8.000
  • Bëtong fir Pilieren an d'Pylonen: 2.800 m³
  • Stief fir Virspanung: 125 t
  • Virspanung vum Tablier: 190 t
  • Bëtong fir den Tablier: 8.800 m³

Literatur änneren

  • Fernandes, J. A. Observation of two cable-stayed bridges in Algarve (Guadiana bridge, Arade bridge) (Portugal), presented at Ponts suspendus et à haubans. Cable-stayed and suspension bridges, Deauville, 12.-15.10.1994.
  • Fernández Troyano, Leonardo Tierra sobre el agua, Colegio de Ingenieros de Caminos, Canales y Puertos, Madrid (Spain), ISBN 8438001483, 1999.
  • Fuzier, Jean-Philippe Haubanage du pont sur l'Arade, in "Annales de l'Institut Technique du Bâtiment et des Travaux Publics", November 1993, n. 518.
  • Marques Rito, Armando A. Le pont sur l'Arade à Portimão en Algarve, in "Annales de l'Institut Technique du Bâtiment et des Travaux Publics", November 1993, n. 518.
  • Rito, Armando Designing bridges - A quest for beauty, presented at fib Symposium 2004, 26-28 April 2004, Avignon.

Um Spaweck änneren