Anwar as-Sadat
egyptesche Politiker
De Muhammad Anwar as-Sadat, gebuer de 25. Dezember 1918 zu Tala Monufija a gestuerwen de 6. Oktober 1981 zu Kairo, war en egyptesche Politiker.
Anwar as-Sadat | |
---|---|
Gebuer |
25. Dezember 1918 Mit Abu al-Kum |
Gestuerwen |
6. Oktober 1981 Kairo |
Doudesursaach | Feierwaff |
Nationalitéit | Egypten |
Educatioun | Egyptesch Militärakademie |
Aktivitéit | Politiker, Offizéier, Staatsmann, Diplomat, Feldhär |
Partei | Nationaldemokratesch Partei, Arabesch Sozialistesch Unioun |
Famill | |
Bestuet mat | Jehan as-Sadat |
Hien huet zu der Grupp vun Offizéier gehéiert déi 1952 de Kinnek Faruk I. vun Egypte gestierzt hunn. Ënner dem Nasser hat hie verschidden héich Regierungsplazen a gouf 1969 Vizepresident a schliisslech nom Doud vum Nasser 1970 deem säin Nofollger.
Hien ass ënner anerem doduerch bekannt ginn, datt hien 1978, zesumme mam Menachem Begin, de Friddensnobelpräis kritt huet, fir hir Efforte am Friddensprozess mat Israel.
Um Spaweck
ännerenCommons: Anwar Sadat – Biller, Videoen oder Audiodateien |