António Guterres
(Virugeleet vu(n) Antonio Guterres)
Den António Manuel de Oliveira Guterres, gebuer den 30. Abrëll 1949 zu Santos-o-Velho (Lissabon), ass e portugisesche Politiker an zanter dem 1. Januar 2017 den néngte Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen.
António Guterres | |
---|---|
Gebuertsnumm | António Manuel de Oliveira Guterres |
Gebuer |
30. Abrëll 1949 Lissabon |
Nationalitéit | Portugal |
Aktivitéit | Politiker |
Hie war vun 1992 bis 2002 Generalsekretär vum Partido Socialista (PS), vun 1995 bis 2002 Premierminister vu Portugal a vun 1999 bis 2005 President vun der Sozialistescher International. Dono war de Guterres vun 2005 bis 2015 Héije Flüchtlingscommissaire vun de Vereenten Natiounen.
Um Spaweck
ännerenCommons: António Guterres – Biller, Videoen oder Audiodateien |