Antonio Abetti

italieeneschen Astronom

Den Antonio Abetti, gebuer den 19. Juni 1846 zu San Pietro di Gorizia (Görz) (deemools italieenesch, haut sloweenesch) a gestuerwen den 20. Februar 1928 zu Arcetri (Florenz) war en italieeneschen Astronom.

Antonio Abetti
Gebuer 19. Juni 1846
Šempeter pri Gorici
Gestuerwen 20. Februar 1928
Arcetri
Nationalitéit Kinnekräich Italien
Educatioun Universitéit vu Padua
Aktivitéit Astronom, Physiker, Ingenieur
Member vun Accademia Nazionale dei Lincei
Famill
Kanner Giorgio Abetti

D'Gebuertsuertschaft vum Abetti huet bis 1814 zum Napoleoneschem Keeserräich gehéiert, war tëscht 1814 a 1919 ënner éisträichescher Verwaltung an ass duerno un Italien ugegliddert ginn.

Den Abetti war eigentlech Ingenieur, huet sech awer 1868, nom Ofschloss vu sengem Studium op der Universitéit Padua (Mathematik an Ingenieurwiesen), fir d'Astronomie intresséiert. Hien huet bis 1893 am Observatoire zu Padua geschafft, a gouf dann Direkter vum Observatoire vun Arcetri a Professer op der Universitéit vu Florenz.

Den Observatoire vun Arcetri, deen 1872 vum Giovanni Battista Donati opgeriicht gouf, gouf no deem sengem Doud deelweis opgeléist. Eng vun den éischten Aufgabe vum Abetti war dofir, d'Opstelle vun engem Teleskop, dat hien am Atelier vu Padua gebaut hat. D'Objektiv vun deem Refrakter war en zweelënsegen achromatesche System vun 28 cm Ëffnung a 5,33 m Brennwäit, deen 1839 vum Giovanni Battista Amici hiergestallt gouf.

Den Abetti huet haaptsächlech un der Bestëmmung vun den Himmelskierperpositioune geschafft. A senger Zäit zu Padua an zu Arcetri huet hie vill Observatioune vun Asteroiden, Koméiten a Stärebedeckunge gemaach. Bei enger Expeditioun op Muddapur, (haut Madhupur am Jharkhand, Bengalen), huet hien de Venusdurchgank vun 1874 mat engem Spektroskop observéiert.

Den Abetti war Member vun der Accademia Nazionale dei Lincei (Roum), der Royal Astronomical Society (London) a vu villen italieeneschen Akademien.

Säi Jong Giorgio Abetti (18821982) gouf och Astronom an ee bedeitende Sonnephysiker.

Zu Éiere vu Papp a Jong Abetti goufen zwéi Moundkrateren an den Asteroid (2646) Abetti no hinne genannt.