D'Antiope (oder Antigone) ass an der griichescher Mythologie déi wonnerschéin Duechter vum Kinnek Nykteus vun Theben an der Polyxo. Mat hir huet den Zeus d'Zwillingen Zethos an Amphion kritt.

Dem Antiope seng Reizen hunn awer net nëmmen op de Gëtterkinnek gewierkt, mä och op den Epopeus, de Kinnek vu Sikyon, deen da schliisslech d'Antiope entfouert a vergewaltegt huet (no enger anerer Versioun wousst d'Antiope scho vun der Schwangerschaft an ass fräiwëlleg zum Epopeus geflücht).

An engem Krich deen hire Papp dowéinst géint den Epopeus gefouert huet sinn déi zwéin Herrscher schwéier verwonnt ginn a kuerz drop gestuerwen. D'Antiope huet dunn d'Zwillingen op d'Welt gesat, a well se als Fruucht vun enger Vergewaltegung ugesi goufen, si se an de Bierger ausgesat ginn.

Den Nykteus awer huet op sengem Stierfbett säi Brudder Lykos zum Nofollger a Momper vu senger Duechter bestëmmt. Sou ass d'Antiope an hirem Brudder säin Haus komm. Si hat ënner senger Fra, der gewalttäteger Dirke, ze leiden. D'Dirke huet d'Antiope sou laang gepéngegt bis den Zeus selwer agegraff huet a seng fréier Maîtresse befreit huet.

Op der Flucht an d'Bierger huet d'Antiope dann hir Jongen erëmfonnt, ouni datt si s'erkannt huet. Eréischt wéi déi schro Dirke d'Antiope erëmkritt huet a vun de Jonge verlaangt huet, hir Mamm (déi si och net erkannt haten) un e Stéier ze bannen a se zu Doud schleefen ze loossen huet den Nykteus agegraff an de Jongen an der Mamm gesot wat lass war. D'Antiope ass sou gerett ginn, déi béis Dirke ass awer an hirer Plaz un de Stéier gebonne ginn.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Antiope – Biller, Videoen oder Audiodateien