Antenne Luxemburg ass en däitschsproochege Radiossender deen der TopStar Radio s.à r.l gehéiert, déi hire Sëtz zu Stadbriedemes huet. En ass fir e Public geduecht deen zu Lëtzebuerg oder an der Ëmgéigend wunnt an Däitsch versteet.

Logo

Et leeft meeschtens Musek, eemol an der Stonn kommen Noriichten. D'Noriichte si gréisstendeels iwwer Däitschland, mä och EU-Theeme ginn abordéiert. Vill Meldunge gi vun der Funke Mediengruppe iwwerholl an dat gëtt dann och allkéiers gesot.

Um Kierchbierg gëtt Antenne Luxemburg op der Frequenz 103.4 MHz ausgestraalt. De Slogan vum Sender ass Dein Leben - Deine Hits.

Um Spaweck änneren