Animato ass e Veräin ouni Gewënnzweck, dee sech zum Zil gesat huet, mat hiren Aktivitéiten d'Konscht an all hire Formen ze ënnerstëten.

De Veräi gouf de 27. November 2019 mat Sëtz zu Helleng gegrënnt. D'Grënnungsmembere waren: Karin Kremer, Camille Kerger, Andrea Drescher, Félix Bonne, Sylvia Camarda, Nico Helminger an Andreas Wagner.

De Veräi gouf den 13. Dezember 2019 an de Registre de commerce et des sociétés ënnert der Nummer F12617 agedroen (NACE-Code: 90.020 Activités de soutien au spectacle vivant).

Ziler änneren

Am Artikel 2 vun de Statute sinn d'Ziler vun Animato opgefouert:

  • all Konscht an all Kulturen op lokalem, regionalem, nationalem an internationalem Plang fërderen;
  • musikalesch, dramatesch a choreografesch Kompositioune mat Commandë fërderen;
  • den Austausch mat nationalen an internationale Createure fërderen;
  • sech eng eege Missioun ginn, déi de fortgeschrattsten Iddie vun der Performancekonscht gerecht ginn.

Projeten änneren

«Um-Wege» (2020) änneren

Den éischte Projet vum Veräin «Um-Wege» ass de Weekend vum 1.-2. August 2020 dräimol an engem private Park zu Helleng opgefouert ginn: Visuel Konscht, Musek, Literatur an Danz an engem Zesummespill vu Konscht an Natur. Wéinst der Covid-19-Pandämie konnte maximal 20 Leit pro Seance deelhuelen. Den Entrée war fräi an de Projet war vum Kulturministère ënnerstëtzt ginn.

De Konzept war vum Félix Bonne, Camille Kerger a Karin Kremer.

Follgend Kënschtler ware bedeelegt: Jill Crovisier, Katharina Bihler, Guy Frisch, Nico Helminger, Camille Kerger, Edmond Oliveira, André Pons a Stephan Scheib.

Am Laf vum Spektakel gouf dem Nico Helminger seng Kuerzgeschicht "Kampf den Viren auf allen vieren!" vum Camille Kerger gelies, déi am Mee 2020 am Tageblatt publizéiert gouf.[1]

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Cf. Helminger 2020 an der Literatur.