Angström (Moundkrater)

Moundkrater


Den Angström ass e klengen Aschlagkrater op der nordwestlecher viischter Moundsäit um Flaachland vum Oceanus Procellarum. Südlech stinn d'Harbinger-Bierger an d'Hiwwelkette vun de Rimae Prinz iwwer d'Fläch vum Moundozean eraus, souwéi am Osten d'Héichzich vum Dorsum Bucher an Dorsum Argand. Am Weste läit de Krater Krieger.

Angström
D'Moundkrateren Angström a Krieger
(LROC-WAC)
Koordinaten 29°54'0"N, 41°40'12"W
Duerchmiesser 9,55 km
Déift 2.030 m
Selenographesch Längt 42° bei Sonnenopgank
Genannt no Anders Jonas Ångström
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ11

Dem kreesronne, schosselfërmege Krater seng Buedemfläch huet keng bedeitend Opfällegkeeten. De Kraterrand gëtt vun e puer klengen Aschléi ënnerbrach. D'Wänn déi no bannen offalen hunn eng méi héich Albedo wéi d'Maria ronderëm.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 30,89° N, 41,16° W7 6 km [1]
B 31,76° N, 44,19° W7 6 km [2]

De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom schweedesche Physiker Anders Jonas Ångström genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

 
De Krater Angström opgeholl vun Apollo 15 (NASA Foto)

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren