Anders Jonas Ångström

schweedeschen Astronom a Physiker

Den Anders Jonas Ångström, gebuer den 13. August 1814 zu Lögdö bruk, Gemeng Timrå a gestuerwen den 21. Juni 1874 zu Uppsala war e schweedeschen Astronom a Physiker souwéi Matgrënner vun der Astrospektroskopie.

Anders Jonas Ångström
Gebuer 13. August 1814
Gestuerwen 21. Juni 1874
Uppsala
Nationalitéit Schweden
Educatioun Universitéit Uppsala
Aktivitéit Physiker, Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, Kinneklech dänesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie
Famill
Kanner Knut Ångström
De Moundkrater Angström

Den Ångström studéiert op der Universitéit Uppsala Mathematik a Physik. 1839 promovéiert hien a léiert Physik op der Universitéit, vun 1858 bis zu sengem Doud war hie Professer. Vum Joer 1867 schafft den Ångström als Sekretär op der Kinneklech-Schweedescher Akademie vun de Wëssenschaften zu Uppsala.

Bei senge Fuerschunge stoung d'Fuerschung vum Sonnespektrum op éischtem Plang. 1862 erreecht hien den Noweis vu Waasserstoff-Spektrallinnen. Hie stellt och d'Existenz vun aneren Elementer am Sonnespektrum fest a publizéiert 1868 en Atlas mat Spektrallinne vun der Sonn (Recherche sur les spectres solaires, Uppsala).

Nom Ångström gouf d'Längteneenheet Ångström genannt. Si gëtt haut virun allem an der Festkierper-, Hallefleeder- an Atomphysik souwéi an der Kristallographie an allgemeng an der Chimie gebraucht, well déi do optriedend Längten heefeg wéineg Ångström erginn.

Haut dréit e Gebai vun der Uppsala-Universitéit säin Numm (Ångströmlaboratoriet). Ausserdeem gouf de Moundkrater Angström nom Ångström genannt.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Anders Jonas Ångström – Biller, Videoen oder Audiodateien