Amours mortes (Tant de peine)
Amours mortes (Tant de peine) ass e Lidd vun der franséischer Sängerin Danièle Dupré, komponéiert vum Jean-Pierre Kemmer a getext vum Jacques Taber. Et war déi lëtzebuergesch Bedeelegung am Grand Prix Eurovision Song Contest 1957 zu Frankfurt am Main, gesongen op Franséisch. Et koum op déi 4. Plaz mat 8 Punkten.[1]