Amnesty Mediepräis

Auszeechnung am Beräich vun de Mënscherechtsfroen


Den Amnesty Mediepräis ass eng Auszeechnung déi zanter 2016 all Joer vun Amnesty International Luxembourg vergi gëtt. Mat der Auszeechnung wëll d'Organisatioun de Bäitrag vun de Lëtzebuerger Medien zu der ëffentlecher Debatt iwwer Mënscherechtsfroen unerkennen an d'Fachleit encouragéieren, Ongerechtegkeete weiderhin ze verurteelen.

De Laureat vum Mediepräis gëtt duerch e Concours bestëmmt. Iwwerdeems bei den dräi éischten Editioune just Aarbechten an d'Auswiel koumen, déi vum Auteur selwer agereecht gi waren, ass et zanter 2019 och fir de Grand public méiglech, Propositiounen ze maachen.

Laureaten änneren

Joer Präis Laureat Aarbecht
2016 Fréderic Braun
2017[1] 1. Präis Laurence Bervard Artikel Flüchtlinge in Luxemburg: Was klappt, was nicht?
2. Präis Chrëscht Beneké Artikel Intersexualität. Das dritte Geschlecht
3. Präis Jessica Oé Text Das Ungleichgewicht
2018[2] 1. Präis Armand Back Artikel Hoffentlich rettet uns Europa
2. Präis Maryse Lanners Video-Reportage Grande Synthe bei Dunkerque. Police léist Camp mat iwwer 1.500 kurdesche Flüchtlingen op
3. Präis Charlotte Wirth Online-Artikel Völkermord in Ruanda. Der Fußball war seine Rettung
Mention spéciale Frédérique Buck Documentaire Grand H(umanité)
2019[3] Sibila Lind a

Paula Telo Alves

Artikel A vida de Claude (pt)(D'Liewe vum Claude)

Jury änneren

2016 änneren

...

2017 änneren

Fréderic Braun (Gewënner vum Amnesty Medienpräis 2016), Marianne Felici (Aktivistin vun Amnesty International), Mike Koedinger (Grënner vu Maison Moderne), Jean-Paul Lehners (Professer), Enrica Pianaro (Soziolog), François Ramaekers (Aktivist vun Amnesty International).

2018 änneren

...

2019 änneren

Armand Back (Gewënner vum Amnesty Medienpräis 2018), Ines Kurschat (Presidentin vum Conseil de la presse), Michèle Mergen (Enseignante a Member vum Réseau d'éducation aux droits humains), Alioune Toure (Vice-President vun der Commission Consultative des Droits de l'Homme), Raymond Weber (Verwaltungsrotsmember vum Cercle de Coopération).

Kuckt och änneren

Den Amnesty Mediepräis entsprécht dem däitsche Marler Medienpreis Menschenrechte dee vun Amnesty International Däitschland vergi gëtt.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Luxembourg. Retour sur des semaines de mobilisation en faveur des droits humains: il n'est pas trop tard pour agir op amnesty.lu de 15. Dezember 2017 (gekuckt den 9. Dezember 2019)
  2. Armand Back gewinnt den Amnesty-Medienpräis 2018 op amnesty.lu de 5. Dezember 2018 (gekuckt den 9. Dezember 2019)
  3. Amnesty-Medienpräis für "Contacto"-Journalistin op wort.lu den 9. Dezember 2019 (gekuckt den 9. Dezember 2019)