Chrëscht Beneké

lëtzebuergesche Motorradpilot, Auteur a Journalist


De Chrëscht Beneké, gebuer den 20. Abrëll 1976 zu Lëtzebuerg ass e lëtzebuergesche Motorradpilot, Auteur a Journalist[1].

Chrëscht Beneké
Gebuer 20. Abrëll 1976
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist

Hien ass den éischte Lëtzebuerger, deen e Paris-Dakar mam Motorrad zu Enn gefuer ass. 1999 war hie säin éischte WM-Laf (Tunesienrallye) gefuer. Vun Enn 2003 bis Enn 2007 ass hie professionell gefuer a war an der Sektioun Sport d'élite vun der Arméi an am COSL Elite-Kader.

Als Journalist huet hien 2017 den 2. Präis vum Amnesty Mediepräis gewonnen.

Resultater änneren

Publikatiounen änneren

  • 'Luxemburger Sportler des 20. Jahrhunderts. -49'
  • 'Luxemburger Sportler des 20. Jahrhunderts. 50er'
  • 'Luxemburger Sportler des 20. Jahrhunderts. 60er'
  • 'Luxemburger Sportler des 20. Jahrhunderts. 70er'
  • 'Luxemburger Sportler des 20. Jahrhunderts. 80er'
  • 'Luxemburger Sportler des 20. Jahrhunderts. 90er'

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. De Chrëscht Beneké op der Websäit vum Conseil de presse