Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Plat an der Salef Ambrosia vun de griichesche Gëtter. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Ambrosia (Homonymie).

Ambrosia (Aμβροσία, gr. Onstierflechkeet) ass an der griichescher Mythologie de Plat vun den olympesche Gëtter, deen hinnen zesumme mam Nektar d'Onstierflechkeet ginn huet, an och d'Fudder fir hir Päerd. Der Legend no hunn Dauwen dem Zeus den Ambrosia bruecht, awer och déi déi vun de Gëtter ënner de Mënschen ausgesicht gi sinn hu vun hinnen Ambrosia kritt, sou z. B. den Tantalos, den Aeneas an den Achilleus. Als Salef, séisse Balsam oder Gedrénks, huet en d'Schéinheet vum Kierper vergréissert oder een (am Fall vum Doud) virum Verfaule geschützt.

Ambrosia heescht awer och d'Nahrung vu Beiekinniginnen, woubäi et sech ëm eng Mëschung aus Pollen an Hunneg handelt.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.