Aly Schroeder

lëtzebuergesche Politiker

Den Aly Schroeder, gebuer de 16. Juni 1944 zu Nidderdonwen[1], a gestuerwen de 5. Mäerz 2013 zu Jonglënster, war e lëtzebuergesche Politiker.

Aly Schroeder
Gebuer 16. Juni 1944
Nidderdonwen
Gestuerwen 5. Mäerz 2013
Jonglënster
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP

Vun 1970 bis 1979 war den Aly Schroeder Sekretär, a vun 1979 bis 1984 President vum Ost-Bezierk vun der LSAP, deen hien am Laf vun den 1970er Joren, no der Ofspléckung vun den SdP-Leit, zesumme mam Marcel Schlechter, dem Jos Massard an anere Militanten nees nei opgebaut huet.[2]

Hie souz vun 1984 bis 1989 fir d'LSAP an der Chamber a war och Schäffen a Conseiller an der Gemeng Jonglënster.[3] An der Period 1989 – 1990 war hie President vum Benelux-Parlament.

Den Aly Schroeder hat zu Nanzeg a Bonn Literatur studéiert a gouf duerno Enseignant an der Handwierkerschoul. 1974 gouf hien an den Erzéiungsministère detachéiert, wou en ausser déi Zäit wou en Deputéierte war, geschafft huet. Hie gouf 1989 Directeur adjoint à la Formation professionnelle a war vun 1994 bis zu senger Pensioun 2007 Direkter vun deem Service.[4]

Enn 2014 huet d'Famill posthum dem Aly Schroeder säi Buch iwwer d'Entwécklung vun der Beruffsausbildung zu Lëtzebuerg publizéiert (« Développement de la formation professionnelle au grand-duché de Luxembourg », 264 S.).[5]

Referenzen änneren

  1. B. Fayot, S. Hoffmann, J. Maas & R. Steil, 1997. 100 Joer sozialistesch Deputéiert an der lëtzebuerger Châmber: Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Édition La Mémoire Socialiste, Luxembourg, S. 123-124.
  2. In memoriam Aly Schroeder. d'Antenn Nr. 2/2013, S. 2.
    Aly Schroeder im Alter von 68 Jahren gestorben. LSAP News, 04|03|2013.
  3. "Aly Schroeder ass am Alter vun 68 Joer gestuerwen." RTL.lu - 05.03.2013, 15:27 | Fir d'lescht aktualiséiert: 05.03.2013, 15:41.
  4. "Départ à la retraite de Monsieur Aly Schroeder, directeur à la Formation professionnelle." Communiqué vun der Regierung op gouvernement.lu, 2007-01-19 (gekuckt 2013-03-05).
    40 ans au service de l'Éducation nationale: Aly Schroeder a fait valoir ses droits à la retraite. Luxemburger Wort, 22. Januar 2007, S. 27.
  5. Kuck och: Un livre posthume d'Aly Schroeder. Tageblatt 2015, Nr. 49 (27. Februar), S. 12.