Alphonse de Lamartine

franséische Politiker

Den Alphonse Marie Louis Prat de Lamartine, gebuer den 21. Oktober 1790 zu Mâcon a gestuerwen den 28. Februar 1869 zu Paräis, war e franséische Schrëftsteller a Politiker. Hien ass virun allem fir seng Gedichter bekannt.

Alphonse de Lamartine
Alphonse de Lamartine 1.jpg
Gebuertsnumm Alphonse Marie Louis de Prat de Lamartine
Gebuer 21. Oktober 1790
Mâcon
Gestuerwen 28. Februar 1869
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Politiker, Dichter, Diplomat, Schrëftsteller, Historiker, Autobiograph, Prosaist
Member vun Académie française
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Hie war eng Zäitchen Diplomat an Italien ënner dem Louis XVIII., vun 1833 bis 1848 an der Deputéiertechamber an dann nach eng Kéier 1849 bis 1851 war hien Deputéierten an der Assemblée législative a gouf, no der Februarrevolutioun vun 1848 eng kuerz Zäit Member vun der Constituante vun der Zweeter Republik an Ausseminister.

De Lamartine ass bekannt fir seng romantesch Gedichtsbänn. Hien huet och epesch Romaner a Geschichtsbicher geschriwwen. 1830 gouf hie Member vun der Académie française.

Fir un hien z'erënneren, gouf um Lampertsbierg eng Strooss (Rue Lamartine) no him genannt.

WierkerÄnneren

  • Saül (1818)
  • Méditations poétiques (1820)
  • Nouvelles Méditations (1823)
  • Harmonies poétiques et religieuses (1830)
  • Sur la politique rationnelle (1831)
  • Voyage en Orient (1835)
  • Jocelyn (1836)
  • La chute d'un ange (1838)
  • Recueillements poétiques (1839)
  • Histoire des Girondins (1847)
  • Histoire de la révolution de 1848 (1849)
  • Raphaël (1849)
  • Confidences (1849-51); dozou gehéiert och Graziella, ee Wierk, dat spéider separat opgeluecht gouf.
  • Geneviève, histoire d'une servante (1851)
  • Le Tailleur de pierre de Saint-Point (1851)
  • Graziella (1852); éischt separat Publikatioun
  • Les visions (1853)
  • Histoire de la Turquie (1854)
  • Cours familier de littérature (1856-1869)
  • La Vigne et la Maison (1857)

LiteraturÄnneren

  • Edouard Kayser, Alphonse de Lamartine (1790-1869), gentilhomme bourguignon, poète, homme politique et historien (150e anniversaire de sa disparition); in: Galerie 36 (2018), Nr. 4; Ss. 668-684 (mat 11 Fotoen a bibliographeschen Donnéeën).
  • Daniel de Montplaisir, Lamartine - Un poète en politique; Paräis (Tallandier), 2020.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Alphonse de Lamartine – Biller, Videoen oder Audiodateien