Alphonse Beffort

lëtzebuergesche Moler

Den Alphons Johann Peter (Alphonse) Beffort, gebuer de 14. Dezember 1886 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 18. Abrëll 1966 am Rollengergronn[1], war e lëtzebuergesche Moler[2].

Alphonse Beffort
Gebuer 14. Dezember 1886
Lëtzebuerg
Gestuerwen 18. Abrëll 1966
Rollengergronn
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Member vun Cercle artistique de Luxembourg

Liewen a Karriär änneren

Den Alphonse Beffort war e Jong vum Händschefabrikant Johann Peter Beffort an der Barbara Orniack[3]. Hie war e Schüler vum André Thyes. De Beffort huet bei der ARBED geschafft. Hie war och als Landschaftsmoler aktiv, hien huet am Aquarell an am Ueleg gemoolt a Gouachë gemaach. Hie war Member vum Cercle artistique de Luxembourg[4], wou hie vun 1918 bis 1965 un den alljärleche Salonen deelgeholl huet. 1936 hat hien eng Soloaussstellung am Festsall Lacaf zu Miersch, wou hien Uelegbiller vu Miersch an Emgéigend gewisen huet. De Gemengerot huet dunn decidéiert, säi Bild vum Méchelstuerm ze kafen[5].

Den Alphonse Beffort ass am Alter vun 79 Joer am Rollengergronn gestuerwen.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. "Monsieur Alphonse Beffort", Luxemburger Wort, 19. Abrëll 1966.
  2. Jos Welter, réd. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Letzebuerg: Cercle artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  3. Gebuertsschäin 1886, n° 488
  4. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Letzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. s. 20, 22.
  5. "Gemeinderatssitzung", Escher Tageblatt, 29. Juli 1936