Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Aloe polyphylla ass eng Bléieplanzenaart aus der Gattung vun den Aloen (Aloe) aus der Famill vun den Affodillplanzen (Asphodelaceae). Se gouf 1934 vum südafrikanesche Biolog Neville Stuart Pillans beschriwwen[1],[2].

Aloe polyphylla
An anere Sproochen de: Spiralaloe
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Monokotyledonen
Uerdnung Asparagales
Famill Asphodelaceae
Ënnerfamill Asphodeloideae
Gattung Aloe
Wëssenschaftlechen Numm
Aloe polyphylla
Pillans, 1934

D'Aart ass am lesothesche Gebitt vum Drakensberge (Maloti)-Biergmassiv endeemesch[3]. En eenzele Specimen gouf awer op der Grenz an der südafrikanescher Provënz Fräistaat gemellt. D'Informatioun iwwer d'Subpopulatioun vu KwaZulu-Natal ass onkloer an net konfirméiert. D'Planz ass ganz rar[4],[5] a steet ënner internationalem Naturschutz[6].

D'Aloe polyphylla ass eng sukkulent Planz mat kengem oder ganz kuerzem Still. D'Blieder sinn donkelgréng, breet, an an ongewéinlecher Spiralform arrangéiert; jiddwer Planz huet ronn 150 Blieder. D'Blumme si blatzeg-rout, saumonsrosa oder (rar) giel. Dës Aloenaart blitt am Fréijoer an am Fréisummer[4],[5].

D'Chromosomenzuel: 2n=14[5].

D'Aloe polyphylla ass d'Nationalblumm vum Lesotho. Si ass och och als Heelplanz bekannt, an ass a botanesche Gäert populär[7].

Bléi
Arrangement vun de Blieder

Um Spaweck änneren

Commons: Aloe polyphylla – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://tropicos.org/Name/100145552
  2. http://www.theplantlist.org/tpl1.1/record/kew-297841
  3. https://wcsp.science.kew.org/namedetail.do?name_id=297841
  4. 4,0 4,1 http://pza.sanbi.org/aloe-polyphylla
  5. 5,0 5,1 5,2 http://www.llifle.com/Encyclopedia/SUCCULENTS/Family/Aloaceae/12242/Aloe_polyphylla
  6. https://www.cites.org/eng/app/appendices.php
  7. Dr. Haretsebe Manwa, Naomi Moswete, Prof. Jarkko Saarinen. Cultural Tourism in Southern Africa – S. 59(?) – Channel View Publications, 2016 – ISBN 1845415523