Aloadai ass an der griichescher Mythologie d'Bezeechnung fir déi zwéi risegrouss Bridder Ephialtes an Otos, d'Jonge vum Aloeus (no enger anerer Versioun vum Poseidon). Si sinn dacks zu de Gigante gezielt ginn. Am Kampf mat de Gëtter hu si Bierger openaner getiermt fir den Olymp ze stiermen. Si hunn den Ares gefesselt an e méintlaang gefaange gehalen.

D'Seechen erzielt datt se vum Apollo ëmbruecht gi sinn, enger anerer Versioun no hu se sech géigesäiteg ëmbruecht wéi se am Juegdäifer d'Artemis an der Gestalt vun enger Hirschkou wollten erleeën.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.