Allianz vun den Europäeschen Nationale Beweegungen

Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 24. Oktober 2009[1]
Ausriichtung: riets-extrem
ultra-nationalistesch
Fraktioun: ouni Fraktioun
Websäit: aemn.info

D'Allianz vun den Europäeschen Nationale Beweegungen (en.: Alliance of European National Movements (AENM); fr.: Alliance européenne des mouvements nationaux; it.: Alleanza europea dei movimenti nazionalisti; un.: Európai nemzeti mozgalmak szövetsége) ass eng politesch Partei op europäeschem Niveau. Si besteet aus enger Rei riets-extremen an nationalistesche Parteien aus den EU-Memberstaaten an aus anere Länner um europäesche Kontinent.

D'Partei gouf am Oktober 2009 zu Budapest gegrënnt.[1] Grënner waren d'ungaresch radikal-nationalistesch Jobbik, de franséische Front National, de belsche Front National, den italieeneschen neo-faschistesche Movimento Sociale - Fiamma Tricolore an de schweedeschen National-Demokraten. Duerno sinn nach aner Parteie wéi de Partido Nacional Renovador aus Portugal dozou gestouss.

De franséische Front National (FN) huet sech 2013 aus der AENM zeréckgezunn, wéinst ideologeschen Differenze mat der Jobbik a well d'Parteicheffin Marine Le Pen nëmme mat "credibele" Parteie wëll zesummeschaffen.[2] Den FN ass elo an der Beweegung fir en Europa vun den Natiounen an de Fräiheeten vertrueden.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 EUbusiness: Far-right European parties forge alliance (25. Oktober 2009)
  2. Le Monde: Les relations ambiguës du FN et du Jobbik hongrois (4. Januar 2012)