Allianz fir direkt Demokratie an Europa

Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 30. September 2014[1]
Opléisungsdatum: 24. Mee 2017[2]
Ausriichtung: Euroskeptizismus
Populismus
Fraktioun: Europa vun der Fräiheet an
der direkter Demokratie

D'Allianz fir direkt Demokratie an Europa (ADDE; en.: Alliance for Direct Democracy in Europe; fr.: Alliance pour la démocratie directe en Europe; de.: Allianz für Direkte Demokratie in Europa) war eng europaskeptesch politesch Partei op europäeschem Niveau. Si gouf 2014 gegrënnt an haaptsächlech vun der brittescher UK Independence Party dominéiert. Donieft waren awer och ënner anerem déi rietspopulistesch Schweedesch Demokraten dra vertrueden.

Memberparteie waren ënner anerem d'Alternative für Deutschland (AfD), d'UK Independence Party (UKIP) an d'schwedesch Demokraten (Sverigedemokraterna).

D'Partei ass 2017 opgeléist ginn, nodeems bei engem Audit erauskomm ass datt d'Partei EU-Gelder zweckentfriemt huet an zeréckbezuele sollt.[2],[3]

Referenzen änneren

  1. Open Corporates: Alliance for Direct Democracy in Europe
  2. 2,0 2,1 Dissolution anticipée - Liquidation (dissolution volontaire) vun der Partei
  3. theguardian.com: Defunct Eurosceptic party linked to Ukip asked to repay €1.1m (30. Mee 2018)