Alfred de Groussen

Kinnek vum südlechen angelsächsesche Kinnekräich
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Den Alfred (och Ælfred), gebuer ëm 849 a gestuerwen de 26. Oktober 899, war Kinnek vum südlechen angelsächsesche Kinnekräich vu Wessex vun 871 bis 899. Den Alfred gouf bekannt duerch d'Verdeedegung vum Kinnekräich géint d'Dänen (Wikinger), wat him am Volleksmond d'Epithète de Groussen abruecht huet. Detailer vu sengem Liewe sinn haaptsächlech duerch d'Wierk vum waliseschen Asser, Bëschof vu Sherborne bekannt. Als gebilte Mann huet den Alfred d'Educatioun ënnerstëtzt an d'Gesetzgebung vum Kinnekräich verbessert.

Alfred de Groussen.
Titelen
Virgänger Ethelred
Nofollger Edward den Eeleren
Biographie
Gebuer 849 jul.
Gestuerwen 26. Oktober 899 jul.
Winchester
Papp Ethelwulf vu Wessex
Mamm Osburh
Geschwëster Ethelbald vu Wessex, Ethelbert vu Wessex, Ethelred vu Wessex
Kanner Edward den Eeleren

Kandheet änneren

Den Alfred koum tëscht 847 an 849 zu Wantage, Berkshire (haut am Oxfordshire) op d'Welt, als véierte Bouf vum Kinnek Ethelwulf a warscheinlech deem senger éischter Fra Osburh. 871 gëtt hien den Nofollger vu sengem Brudder Ethelred I. als Kinnek vu Wessex a vu Mercien.

Iwwer hie gëtt erzielt datt hie schonn als Kand villverspriechend gewierkt huet. Sou soll hien als fënnefjäregen op Roum geschéckt gi sinn, wou hie vum Poopst Leo IV. d'Konfirmatioun krut, an dëse soll hie souguer schonn als Kinnek gesalbt hunn. Spéider Schrëftsteller hunn dëst schonn als virleefeg Kréinung ugesinn, déi seng Trounbesteigung op den Troun vu Wessex preparéiert huet. Dëst konnt ëm d'Joer 853 allerdéngs nach net virausgesot ginn, ëmmerhin hat den Alfred dräi eeler Bridder.

Ëffentlecht Liewen änneren

Wärend der kuerzer Herrschaft vu sengen zwéin eelere Bridder Ethelbald an Ethelbert héiert een näischt vum Alfred. Mä mat der Trounbesteigung vu sengem drëtte Brudder, dem Ethelred am Joer 866 fänkt hie säi grousst "Wierk" un, England vun den Dänen ze befreien. Den Asser vergëtt dem Alfred den eenzegaartegen Titel secundarius, wat mam kelteschen tanist ka gläichgesat ginn, also en unerkannten Nofollger, eng verbonne mam Prënz dee regéiert. Et ass zimmlech warscheinlech datt dëst mam Averständnes vun dem Witenagemot geschitt ass, fir Trounstreidereien ze vermeiden am Fall wou den Ethelred am Kampf fale géif. Dat Arrangement fir en Nofollger schonn als Kokinnek ze kréinen ass zimmlech bekannt bei de germanesche Stämm, bei de Franken a bei de Schweden (kuckt dozou och Duebelherrschaft).

868 bestit sech den Alfred mat der Ealhswith, Duechter vum Aethelred Mucill, Ealdorman vun de Gaini, engem Stamm an der Géigend vu Gainsborough, Lincolnshire. Si war d'Enkelin vun engem Kinnek vu Mercien. Si hate fënnef oder sechs Kanner, wouvun eng Duechter, d'Ethelfleda, spéider Kinnigin vu Mercie wäert ginn.

Am selwechte Joer versicht den Alfred ouni Erfolleg Mercien vun den Dänen ze befreien. Zanter zwee Joer war Wessex dogéint relativ roueg, mä um Enn vum Joer 870 kënnt et zu engem gewaltegen Eclat an 871 ass bekannt als dem Alfred säi Joer vun de Schluechten.

Néng grouss Schluechte goufe geschloen, mä vun zwou feelen d'Plaz an den Datum. Eng Victoire an der Schluecht vun Englesfield, Berkshire (31. Dezember 870) follegt eng batter Néierlag an der Schluecht vu Reading (4. Januar 871). Véier Deeg méi spéit ass den Alfred awer nees erfollegräich an der Schluecht vun Ashdown bei Compton Beauchamp, Shrivenham Hundred (8. Januar 871). Den 22. Januar ginn d'Englänner zu Basing awer nees geklappt. Eng weider Néierlag musse si den 22. Mäerz zu Marton, Wiltshire astiechen.

Trounbesteigung änneren

Am Abrëll stierft den Ethelred, an den Alfred iwwerhëlt den Troun. Wärend den Alfred mat dem Begriefnes an den Zeremonien déi dozou gehéiere beschäftegt ass, klappen d'Dänen d'Englänner, an nach eng zweet Kéier zu Wilton am Mee wou den Alfred derbäi ass. Doropshi gouf e Friddensvertrag ënnerschriwwen, a fir fënnef Joer war Rou. D'Däne waren an aneren Deeler vun England beschäftegt, an den Alfred huet gréisstendeels d'Grenze geséchert. Mä am Joer 876 gräifen d'Dänen ënner engem neie Leader, dem Guthrum, Wareham un. Vun do aus gi si ufanks 877 no Weste gezunn, an hunn Exeter eruewert. Do konnt den Alfred se stoppen, Verstäerkung duerch eng Flott gouf duerch e Stuerm opgehalen, an d'Dänen hu sech missen a Mercien zeréckzéien. Mä am Januar 878 ginn d'Eruewerunge weider a si erueweren Chippenham, eng kinneklech Festung wou den Alfred d'Chrëschtdeeg verbruecht huet. Den Alfred an e puer vu senge Männer kommen dervun, a riichte sech laut der Chronik zu Athelney nei an.

Eng Legend erzielt wéi den Alfred als Flüchtling an de Suppe vun Athelney bei North Petherton am Somerset vun enger Bauerefra opgeholl gouf, déi net wousst wie si viru sech hat. Beschäftegt mat de Problemer vum Kinnekräich léisst den Alfred Kichelcher ubrennen, op déi en hätt sollen oppassen. D'Bauerefra ass natierlech alles anescht wéi begeeschtert, mä nodeem si mierkt wie virun hir steet, entschëllegt si sech. Den Alfred insistéiert awer drop, datt et un him ass, fir sech z'entschëllegen. Datt den Alfred en hëlleflose Flüchtling wärend sengem Réckzuch zu Athelney war, berout eleng op der Legend vun de Kichelcher. A Wierklechkeet huet hien eng Revanche geplangt.

Reorganisatioun änneren

Relatioune no baussen änneren

Chrëschtentum a Literatur änneren

Doud änneren

Dem Alfred säi Bijou änneren

 
Dem Alfred säi Bijou

Um Spaweck änneren

Commons: Alfred the Great – Biller, Videoen oder Audiodateien