Den Alexandre Émile Jean Yersin, gebuer den 22. September 1863 zu Aubonne, an der Schwäiz, a gestuerwen den 28. Februar 1943 zu Nha Trang, Vietnam, war e schwäizeresch-franséischen Dokter a Bakteriolog, deen den Erreeger vun der Pescht, Yersinia pestis, entdeckt huet. Him zu Éiere gouf déi ganz Bakteerien-Gattung Yersinia genannt.

Alexandre Yersin
Gebuertsnumm Alexandre Emile Jean Yersin
Gebuer 22. September 1863
Aubonne
Gestuerwen 1. Mäerz 1943
Nha Trang
Nationalitéit Frankräich, Schwäiz
Educatioun Universitéit vu Lausanne
Aktivitéit Dokter, Bakteriolog, Explorateur, Agronom, Biolog
Member vun Académie nationale de médecine

Hien huet zu Lausanne an zu Marburg studéiert a goung dunn op Paräis, wou en am Institut Pasteur ënner anerem iwwer Diphtherie geschafft huet. 1888 huet en iwwer experimentell Tuberkulos promovéiert. Fir kënnen Dokter a Frankräich ze ginn, huet hien déi franséisch Nationalitéit missen unhuelen.

Vun 1890 un, huet hien am Fären Osten als Schëffsdokter geschafft. Wéi sech a Südchina d'Pescht ausgebreet huet, gouf en op Hongkong geschéckt, fir d'Ursaache vun där Kränkt erauszefannen. Den 20. Juni 1894 konnt hien den Erreeger aus Lymphkniet vu Leit, déi dru gestuerwe waren, isoléieren, an noweisen, datt se iwwer Mais a Mierschwéngchercher iwwerdroe gouf. Dräi Joer drop hunn de Paul-Louis Simond an de Masanori Ogata zu Bombay bewisen, datt et Ratefléi sinn, déi d'Kränkt duerch hir Bëss vum Déier op de Mënsch iwwerdroen hunn.

1895 huet de Yersin zu Paräis mat un der Entwécklung vun engem Heelserum matgeschafft, a méi spéit huet hie sech mat landwirtschaftleche Projeten an Indochina befaasst. 1902 gouf en Direkter vun enger Schoul fir medezinescht Hëllefspersonal zu Hanoi, a vun 1904 bis 1924 huet hien d'Dependencë vum Institut Pasteur zu Saigon an zu Nha Trang dirigéiert.

Literatur änneren

  • Stefan Winkle: Geißeln der Menschheit. Kulturgeschichte der Seuchen. Artemis und Winkler, Düsseldorf/Zürich 1997, ISBN 3-538-07049-0
  • Patrick Deville: Peste et Choléra. Historesch-biographesche Roman. Seuil, Paris 2012, ISBN 978-2-02-107720-9

Um Spaweck änneren

Commons: Alexandre Yersin – Biller, Videoen oder Audiodateien