Alexander Anatoljewitsch Kerjakow

russesche Foussballspiller a -fonctionnaire
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Alexander Anatoljewitsch "Kerj"[1],[2] Kerjakow (op Russesch: Александр Анатольевич Кержаков, "Керж"), gebuer de 27. November 1982 zu Kingissepp am Oblast Leningrad, ass e russesche fréiere Foussballspiller (Stiermer). Hien huet seng Profiskarriär 2000 ugefaangen an am Joer 2017 opgehalen[3]. No der Retraite als Spiller ass hie bekannt als e Foussballfonctionnaire an -expert[4],[5], an zanter 2018 schafft hien als Haapttrainer vun der russescher U-17-Juniorfoussballnationalekipp[6].

Alexander Anatoljewitsch Kerjakow
Gebuer 27. November 1982
Kingissepp
Nationalitéit Russland
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Gréisst 176 Zentimeter
Gewiicht 76 kg
Veräin/Ekipp Zenit Sankt Péitersbuerg,
Zenit Sankt Péitersbuerg,
Russesch Foussballnationalekipp

De Kerjakow huet ënner anerem fir Zenit St. Péitersbuerg (2001–06, 2010–17), FC Sevilla (2007–08), FK Dinamo Moskau (2008–10), an och vun 2002 bis 2016 fir d'Russesch Foussballnationalekipp gespillt[7].

Hien ass mat 233 Goler an den offizielle Matcher, ënner anerem mat 30 Goler fir d'Nationalekipp, de beschte "Buteur" an der Geschicht vum russesche Foussball (Stand: 2017)[8]. De Kerjakow ass och de beschte Buteur an der Geschicht vum Péitersbuerger Zenit (Stand: 2017)[9].

Säi Papp Anatoli[10] an de Brudder Michail sinn och Foussballspiller[3].

Um Spaweck änneren

Commons: Alexander Kerjakow – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://www.sovsport.ru/gazeta/article-item/334300
  2. https://www.gazeta.ru/sport/2009/11/a_3285888.shtml
  3. 3,0 3,1 https://www.transfermarkt.com/aleksandr-kerzhakov/profil/spieler/15381
  4. https://www.gazeta.ru/sport/news/2017/08/04/n_10392541.shtml
  5. https://www.championat.com/football/news-2868600-kerzhakov-mne-skazali-aleksandr-vy-nam-ne-podhodite-kak-futbolist.html
  6. https://www.gazeta.ru/sport/2018/03/15/a_11684305.shtml
  7. https://www.transfermarkt.com/aleksandr-kerzhakov/nationalmannschaft/spieler/15381
  8. https://www.championat.com/football/article-278316-karera-aleksandra-kerzhakova-v-cifrah--infografika-chempionata.html
  9. http://news.sportbox.ru/Vidy_sporta/Futbol/Russia/premier_league/spbnews_NI767861_Kerzhakov_ne_sderzhal_slez_vo_vrema_proshhanija_s_Zenitom
  10. http://www.sovsport.ru/gazeta/article-item/87043