Kingissepp

Stad am Oblast Leningrad a Russland
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Kingissepp (op Russesch: Кингисепп, op Estesch, Finnesch a Wotesch: Jaama, op Ijoresch: Kingiseppä) ass eng Stad am Oblast Leningrad am Nordwestrussesche Federatiounskrees a Russland. De Floss Luga fléisst duerch d'Stad, se läit eng 138 km südwestlech vu Sankt Péitersbuerg, ronn 25 km ëstlech vun der Grenz mat Estland a ronn 40 km südlech vum Finnesche Golf.

Kingissepp
Land Russland
Federatiounskrees Nordwestrussland
Status Oblast
Regioun Leningrad
Gegrënnt 1384
Awunner 47.313 (2017)
Fläch 44
Koordinaten 59°22'N, 28°36'O
Zäitzon UTC+3
Telefonszon 81375
Postcode 188455–188456
Websäit http://kingisepp-mo.ru

D'Stad gouf 1384 gegrënnt, wéi do d'Festung vun der Republik Nowgorod gebaut gouf. Deemools housch d'Uertschaft nach Jama (ru. Яма). 1395 gouf d'Festung scho vun de Schweden ugegraff, se huet awer duergehal.

D'Stad ass de Verwaltungszentrum vum Distrikt Kingissepp. Se huet, zesumme mat hirem Stadkrees, eng Fläch vun zirka 44 km² an 48.488 Awunner (Stand 14. Oktober 2010).[1]

Duerch Kingissepp féiert d'Eisebunnsstreck St. Péitersbuerg–Tallinn.

Entwécklung vun der Awunnerzuel änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kingissepp – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
D'Kathedral Katharina II.

Referenzen änneren

  1. Всероссийская перепись населения 2010 года. Ленинградская область