Alenka Bratušek

Sloweenesch Politikerin

D'Alenka Bratušek, gebuer den 31. Mäerz 1970 zu Celje, ass eng sloweenesch Politikerin (PS). Si war vum dem 20. Mäerz 2013 bis de 5. Mee 2014 Ministerpresidentin vum Land.

Alenka Bratušek
Gebuer 31. Mäerz 1970
Celje
Nationalitéit Slowenien
Educatioun Universitéit vu Ljubljana
Aktivitéit Politiker, Ekonomist
Partei Gibanje Svoboda

Si huet op der Universitéit Ljubljana Management studéiert an do 2006 e Master germaach. Vun 1999 bis 2011 huet si am sloweenesche Finanzministère geschafft, fir d'lescht als Generaldirektesch an der Budgets-Direktioun.

Bei de Parlamentswale gouf si op der Lëscht vun der Partei Pozitivna Slovenija an d'Parlament geswielt.

2013 huet si d'Parteipresidence faisant fonction iwwerholl, nodeem de Zoran Janković seng Presidence wéinst Korruptionsverdacht huet missen néierleeën.[1] De 27. Februar 2013 huet d'sloweenescht Parlament och dem Ministerpresident Janez Janša d'Mësstraue votéiert, well hien och ënner Korruptiounsverdacht stoung, an huet d'Bratušek déi bis dohi Leader vun der Oppositioun war, zu der neier Ministerpresidentin gewielt.[2] Den 20.Mäerz gouf d'Koalitioun vun hirer Partei Positiivt Slowenien, de Socialni demokrati, der Državljanska lista an der Demokratescher Pensionistepartei vu Slowenie vum Parlament confirméiert.

De 5. Mee 2014 huet si hire Récktrëtt als Premierministesch agereecht, nodeem se d'Wal zum President vun hirer Partei géint de Zoran Janković verluer hat.

Als Regierungscheffin faisant fonction huet si sech selwer als Kandidatin fir Member vun der Kommissioun Juncker ze ginn, virgeschloen. Dowéinst, an och, well se mat hire Kompetenzen net iwwerzeege konnt, gouf si no hirer Auditioun vum Europäesche Parlament ofgeleent.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Pozitivno Slovenijo vodi mag. Alenka Bratušek" ("Mag. Alenka Bratušek féiert Positiivt Slowenien", (sloweenesch), Communiqué vum 17. Januar 2013)
  2. Neue Zürcher Zeitung: Sloweniens Opposition stürzt Regierungschef Jansa, 27. Februar 2013.