Alen Observatoire vu Bonn

Den Alen Observatoire vu Bonn ass en historeschen Observatoire aus dem 19. Joerhonnert. E steet an der Südstad an der Poppelsdorfer Allee 47 a gouf vum Friedrich Wilhelm August Argelander gegrënnt. No sengem Ruff op d'Universitéit Bonn 1836 ass et him gelongen duerch seng Frëndschaft mat dem Preisekinnek Friedrich Wilhelm IV. en eegenen Observatoire ze bauen. Dëse gouf am Joer 1845 a Betrib geholl. Den Argelander huet vun hei d'Bonner Duerchmusterung duerchgefouert. De „Grousse Refrakterraum“ ass 1899 entstanen.[1]

Vun 1952 un, goufen e puer vun den Teleskopen an den neien Observatoire Hoher List an der Äifel ëmgesidelt. 1973 ass d'Observatoireinstitut zesumme mat den aneren astronomeschen Instituter vun der Universitéit op Endenich verluecht ginn. Haut maache si zesummen d'Argelander-Institut fir Astronomie. Zanter 1975 gëtt de Refrakterraum vum alen Observatoire vum Volleksobservatoire Bonn benotzt.[1]

Observatoire Bonn
Fotografie 1893
Observatoire Bonn

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Volkssternwarte Bonn Archivéiert op 2013-09-27. Gekuckt de(n) 2011-07-05.

Um Spaweck änneren

  Portal Astronomie