Den Albert Friedrich Speer, gebuer den 29. Juli 1934 zu Berlin a gestuerwen de 15. September 2017 zu Frankfurt am Main[1] war en däitsche Urbanist, Architekt a Professer.

Albert Speer
Gebuer 29. Juli 1934
Berlin
Gestuerwen 15. September 2017
Frankfurt am Main
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Architekt, Universitéitsprofesser, Urbanist
Famill
Papp Albert Speer

Den Albert Speer war dat eelste vu sechs Kanner vum Albert Speer (1905–1981) an der Margarete Speer (1905–1987). Den Albert Speer Senior war och Architekt an an der Zäit vum Nationalsozialismus ënnert dem Hitler "Reichsminister für Bewaffnung und Munition".

De Speer huet 1964 zu Frankfurt säin éischten Architektur- a Planungsbüro gegrënnt an huet haaptsächlech Wunnquartieren a mëttelalterlechen däitsche Stied (Lübeck, Speyer a Worms) geplangt. Uganks vun den 1970er Joren huet hien och national Projeten an Däitschland geplangt a krut 1972 den Optrag fir d'"DG Bank" zu Frankfurt ze bauen.

De Speer huet och am Ausland geschafft, absënns an Algerien an a Saudiarabien.

Hien huet och d'Pläng gemaacht fir d'"Porte de Hollerich", e Projet fir eng urban Entwécklung fir de südlechen Agank an d'Stad Lëtzebuerg.

Referenzen an Notten änneren

  1. Star-Archtitekt Albert Speer junior ist tot, op wort.lu de 17. September 2017, gekuckt de 17. September 2017