Alain Frast

lëtzebuergesche Journalist a Politiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Alain Frast, gebuer den 30. September 1964 an der Stad a gestuerwen den 11. Juni 2010[1] zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Journalist a Politiker. Hie war zu Lescht Fraktiounssekretär a Presseattaché vun der adr.

Alain Frast
Gebuer 20. September 1964
Lëtzebuerg
Gestuerwen 11. Juni 2010
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei ADR

Bekannt gouf en als Journalist beim RTL a spéider als Redakter beim DNR.

Säi Liewen änneren

Den Alain Frast huet sech schonn als jonke Mënsch fir d'Politik intresséiert an ass fréi Member an der CSJ ginn. Am Joer 2007 ass en dunn nees aktiv an d'Politik zeréckkomm an huet sech an der adr engagéiert. Do war e Presseattaché a Fraktiounsspriecher.

Fir d'Chamberwale vum 7. Juni 2009 war hien de Koordinater vun der ganzer Walcampagne fir seng Partei, wou en och selwer als Kandidat ugetrueden ass. Mat 5.431 Stëmme koum hien op déi sechst Plaz an huet sou de Sprong an d'Chamber just net gepackt, nodeem de Fernand Kartheiser fir d'Tania Gybérien nogerëtscht war.

Am Mäerz 2010 gouf hien um Kongress vum Südbezierk zum Bezierkspresident gewielt, wouduerch hien och Member vum Nationalvirstand an dem Exekutivcomité vun der adr war.

Den Alain Frast huet offen zu senger Homosexualitéit gestanen an op deem Gebitt vill fir de Kampf ëm méi Rechter fir gläichgeschlechtlech Koppele gemaach.

Den 11. Juni 2010 ass en un de Follege vu Longekriibs, deen dräi Méint virdrun eréischt diagnostizéiert gouf, zu Esch-Uelzecht gestuerwen. Säi Krankheetsverlaf huet hien op senger Websäit dokumentéiert.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Alain Frast im Alter von 45 Jahren gestorben (Artikel am Wort) Archivéiert op 2010-06-15. Gekuckt de(n) 2010-06-14.