Alain Decaux

franséischen Historiker

Den Alain Decaux, gebuer den 23. Juli 1925 zu Lille, a gestuerwen de 27. Mäerz 2016 zu Paräis[1], war e franséischen Historiker a Radio- an Televisiounsmoderateur. Hien ass bekannt fir seng bal 50 Joer laang Presenz an de franséische Medien, wou en Emissiounen iwwer Geschichtstheme moderéiert huet (La Tribune de l'Histoire vun 1955 bis 1997 bis am Radio oder Alain Decaux raconte an dono Alain Decaux face a l'Histoire vun 1969 bis 1988 op der Tele), dacks zesumme mam André Castelot, ma och mam Jean Tulard an dem Marcel Jullian.

Alain Decaux
Gebuertsnumm Alain Paul Henri Decaux
Gebuer 23. Juli 1925
Lille
Gestuerwen 27. Mäerz 2016
Hôpital européen Georges-Pompidou
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Janson de Sailly,
Faculté de droit de Paris,
Faculté des lettres de Paris
Aktivitéit Historiker
Member vun Académie française, Rumänesch Akademie
Famill
Bestuet mat Micheline Pelletier
Papp Francis Decaux
Mamm Louise Tiprez

Parallel dozou huet hie Bicher, Dréibicher, Theaerstécker an Artikele geschriwwen. Vun 1988 bis 1991 war hie Ministre délégué fir Francophonie an der Regierung vum Michel Rocard.

De 15. Februar 1979 gouf den Alain Decaux zum Member vun der Académie française gewielt.

Um Spaweck änneren

Commons: Alain Decaux – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Le conteur de l'Histoire Alain Decaux est mort." lexpress.fr, 27. Mäerz 2016.