Alabama

Bundesstaat vun den USA
(Virugeleet vu(n) Alabama (Bundesstaat))
Alabama
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: Heart of Dixie; Cotton State

Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad: Montgomery
Gréisst Stad: Birmingham
Gouverneur: Kay Ivey
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 29. Plaz
135.293 km²
3,2 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 24. Plaz
5.024.279 (2020)[1]
38,3/km²
Opgeholl als Memberstaat: 14. Dezember 1819 (22ten)
Zäitzon: UTC-6 bis -5

Alabama ass e Bundesstaat vun den USA, deen zu de Südstaate gerechent gëtt.

Geschicht änneren

Den Numm Alabama ass op den Indianer-Stamm vun den Alibamu aus der Muskogee-Sproochefamill zeréckzeféieren. Alibamu heescht Hei wunne mer. Alabama huet de Bäinumm Cotton State an Heart of Dixie.

Geographie änneren

Situatioun änneren

Alabama ass mat 135 293 km² vun der Fläch hir gesinn op der 29. Plaz vun den US-Bundesstaaten. Am Norde stéisst Alabama un Tennessee, am Osten un Georgia, am Westen u Mississippi an am Südosten u Florida.
Ronderëm Montgomery a Selma ass e besonnesch fruchtbaren, donkelen ugeschwemmte Buedem. Dee gréissten Deel vum Staat ass vu Bëscher beluecht. Am Süde läit de Golf vu Mexiko an deen den Alabama-Floss leeft. Den Alabama ass a 67 Landkreesser (Countys) ënnerdeelt.

Bierger an Däller änneren

Am Nordosten zitt sech d'Biergkette vun den Apalachen vu Westen no Osten. Tëscht dem Coosa-Floss an der Stad Auburn leien d'Piedmont-Hiwwelen, en héicht Flaachland mat roudem Leembuedem, dee räich un Eisen ass.

Gréisst Stied änneren

All Awunnerzuelen um Stand vum 1. Juli 2004

Politik änneren

Alabama ass ee vun de ganz konservative Staaten am Süde vun den USA. Méi wéi honnert Joer laang gouf et hei eng staark demokratesch Traditioun. D'Aféierung vun den Zivilrechter huet d'Situatioun awer ëmgedréint, als éischt an den 1960er Joren um nationale Niveau an zanter den 1990er Joren och um lokalen Niveau. Am Januar 2003 ass de Republikaner Robert R. Riley Gouverneur vum Staat Alabama ginn.

Demographie änneren

Mat ronn 4.530.000 Awunner, déi an 2.014.536 Stéit wunnen, ass Alabama bei den US-Bundesstaaten op der 23. Plaz. 71,1 % Wäisser liewe mat 26 % Schwaarzen, 1,7 % Hispanics, 0,7 % Asiaten an 0,5 Prozent Indianer zesummen.

Um Spaweck änneren

Commons: Alabama – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Quickfacts: Alabama