Landwirtschaft zu Lëtzebuerg

(Virugeleet vu(n) Akerbau zu Lëtzebuerg)

Vu fréien Zäiten un, war Lëtzebuerg wéi vill Länner am Laf vun der Geschicht e rengt Agrarland. Ënner der Herrschaft vun den Habsburger war Lëtzebuerg déi gréisst Provënz vun den éisträicheschen Nidderlanden awer och gläichzäiteg déi äermst an déi mat de mannsten Awunner. 96 Prozent vun der Bevëlkerung hunn um Land a vum Land gelieft. D'Industrie hat och e rurale Charakter. D'Siderurgie wat déi wichtegst war, huet laang vill Verbindungen zur Landwirtschaft gehalen an d'Exploitatioun huet där vun der Landwirtschaft geglach. Et gouf keng Konzentratioun vu grousse Betriber. Déi vill Schmelzen a Schmëtte ware kleng Betriber déi uechter d'Land verspreet waren a grad wéi de Bauer d'Friichte vum Terrain ausgenotzt huet, hu si d'Bounäerz an d'Holz dat s'op der Plaz oder an der noer Ëmgéigeng fonnt hunn, exploitéiert. Och aner Industriebetriber wéi d'Wiewerei an d'Gerwerei hunn no un der Landwirtschaft gelieft, se hunn z. B. Leit aus de Bauerebetrieber niewelaanscht beschäftegt a sinn och vun hinne mat Material beliwwert ginn. Sou kann e soen datt déi Zäit d'Industrie eng Verlängerung vun der Landwirtschaft war.

D'Land oder villméi de Landbesëtz war och fest am Geescht verankert. An den Ae vun de Leit vun deemools war de Grondbesëtz en Haaptsymbol vum Räichtum, wat mat sech bruecht huet datt d'Kapitaler vun deemools éischter an Terraine wéi an der Industrie placéiert goufen.

Déi fréier Landwirtschaft hat e komplexen Exploitatiounssytem, bei deem vill technesch a mënschlech Facteuren eng Roll gespillt hunn, wovun zu de wichtegsten de Kärenubau, d'Servituden an d'kollektiv Rechter gezielt hunn. De System huet den Ënnergank vum Ale Regime iwwerlieft an huet sech zu Lëtzebuerg och no der franséischer Revolutioun bis an déi zweet Hallschent vum 19. Joerhonnert gehalen.

Entwécklung

änneren

D'Entwécklung vum Lëtzebuerger Akerbau an der Véizuucht, zesummegefaasst am Begrëff: Landwirtschaft, huet, wéi och an den anere Länner, verschidde Kennzeechen:

  • déi aktiv Bevëlkerung an der Landwirtschaft hëlt ëmmer méi of,
  • déi eenzel Produktiounsunitéite ginn ëmmer méi grouss,
  • d'Spezialisatioun vun de Betriber gëtt méi grouss,
  • d'Mechanisatioun an domat de Kapitalopwand wuessen,
  • ouni staatlech oder iwwerstaatlech Ënnerstëtzung ass d'Landwirtschaft net méi liewensfäeg.

Manner Baueren

änneren

2018 gouf et nach 1906 landwirtschaftlech Betriber zu Lëtzebuerg, wouvun der 20% am Nieweberuff gefouert goufen.[1]

Am Joer 2010 waren et der 1.981, mat 3.497 Beschäftegten (1% vun der Lëtzebuerger aktiver Populatioun).[2], 2004 waren et der 2.400, 1990 nach ronn 3.200. Am Verglach: 1907 gouf et nach 15.000 landwirtschaftlech Produktiounsunitéiten. Dat wëll soen, datt deemools, mat de Familljememberen, bal 40 % vun der Landwirtschaft gelieft hunn. Charakteristesch fir de Grad vum Wirtschaftswuesstem ass domat, wéi de Colin Clark, Jean Fourastié a W.W. Rostow ënnerstrach hunn, ënner anerem d'Importenz, déi d'Landwirtschaft nach an engem Land huet. D'Landwirtschaft dréit 2010 nëmme méi zu 0,3 % zur Bildung vum Lëtzebuerger Bruttoinlandsprodukt bäi (no 2 % am Joer 1985).

Méi grouss Unitéiten

änneren

Fir konkurrenz- a liewensfäeg ze bleiwen, hunn déi kleng Betriber hir Aktivitéiten agestallt a sinn aneren Aktivitéiten nogaangen. Besonnesch déi Jonk hunn d'Flemm kritt a sinn net méi um Bauerenhaff bliwwen. D'Duerchschnëttsgréisst vun den Agrarbetriber ass also gewuess:

  • Duerchschnëttlech Fläch vun de Betriber (an ha)
  • 1980: 29,63
  • 1990: 38,37
  • 2000: 53,22
  • 2001: 55,17
  • 2002: 57,18
  • 2004: 59,64
  • 2010: 66,01

Méi wéi 50 % vun de Lëtzebuerger Betriber hunn zanter 2003 méi wéi 50 ha Land.

Méi spezialiséiert Betriber

änneren

Am Laf vun der Zäit hunn d'Betriber sech spezialiséiert. De Bauerenhaff, dee sech mat alle Produkter selwer versuergt huet, mat Mëllech, Eeër, Fleesch a Produkter vum Feld ass verschwonnen. Ausser der Mëllechwirtschaft, nach ëmmer déi Haaptaktivitéit vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft, hunn eng Partie Betriber sech ausschliisslech op d'Véizuucht, op Feldprodukter, Uebstbau oder d'Eeërproduktioun spezialiséiert.

Investitioune wuessen

änneren
 
Maschinnen, ëmmer méi grouss a méi deier

Eng konkurrenzfäeg Produktioun war nëmme duerch eng méi intensiv Mécanisatioun méiglech. D'Regierung, de Landwirtschaftsministère a seng Verwaltungen, wéi z. B. d'Administration des Services agricoles oder d'Europäesch Kommissioun hu si dobäi mat Rot a finanzielle Mëttel tatkräfteg ënnerstëtzt, besonnesch beim Opstelle vu sougenannten Entwécklungspläng fir d'Bauerebetriber. Fir eng besser a méi rationell Ausnotzung vun de Kapitalinvestitiounen an der Landwirtschaft sécherzestellen, gouf d'Schafe vu Maschinneréng ënnerstëtzt. Si bezwecken d'gemeinsam Benotze vu Landwirtschaftsmaschinnen.

Ouni Subventioune geet et net

änneren

An alle Länner hunn d'Landwirtschaften, ier d'EWG 1958 a Kraaft trout, vun nationale Subventiounen profitéiert, meeschtens vun Direktsubventiounen. Déi ware vun do un net méi erlaabt, wëll d'EWG war op de Prinzip opgebaut, datt all national Moossnamen, déi wettbewerbsverfälschend wierken, verbuede sinn. D'Ënnerstëtzungsaufgabe goufen dofir op d'Communautéit iwwerdroen; entweeder op Grond vun Direktsubventiounen oder op Grond vu Festsetze vu Mindestpräisser, verbonne mam Schafe vun engem Ausgläichsystem beim Export oder Import vun europäeschen Agrarprodukter no oder vun Drëttlänner. A anere Wierder d'Präisser vu villen Agrarprodukter si vun den Präisser um Weltmaart ofgekoppelt ginn. Dest ass vun Drëttlänner wéi d'USA ëmmer erëm kritiséiert ginn. Dësem System gouf a gëtt virgeworf, et géif zu enger Iwwerproduktioun féieren. Bei der Mëllech ass dat och agetratt, an 1984 huet d'Communautéit e Quotesystem fir d'Mëllechproduktioun missen aféieren. A kuerze Wierder: D'Landwirtschaftspolitik ass duerch eng sougenannt Gemeisam Agrarpolitik kommunautariséiert ginn. Hire finanziellen Opwand ass héich a si ass déi eenzeg sougenannt Gemeinsam Politik an der Europäescher Communautéit bliwwen.

2010 goufen zu Lëtzebuerg 34,5 Mio Euro u Betriebsprimen ausbezuelt, 15,6 Mio fir den Ausglach fir benodeelegt Gebidder, 10,9 Mio Euro Primë fir d'Landschaft ze fleegen, 2,6 Mio fir Agrar Ëmweltmesuren, 1,3 Mio fir d'Erhale vun der Biodiverstiéit an 0,6 Mio Euro Direkthëllefe fir Mëllechproduzenten;[3] am Ganzen deemno 65,5 Mio Euro.

Encadrement a Beruffsvertriedung

änneren

D'Landwirtschaft profitéiert, wéi iwwerall, vum engem staarken Encadrement:

Literatur

änneren
  • Carlo Hemmer:L'économie du Grand-Duché de Luxembourg - Les conditions sociales - La production primaire, Éditions Joseph Beffort, Luxembourg, 1947
  • Paul Weber: Histoire de l'Economie luxembourgeoise, Imprimerie de la Cour Victor Buck, Luxembourg, 1950,430 p.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Landwirtschaft zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Hoscheid, M., 2019. Das Feld weiter beackern. Die Bauernzentrale begeht ihren 75. Geburtstag und blickt sowol in die Vergangenheit als auch in die Zukunft. Luxemburger Wort vum 28. November 2019, S. 6.
  2. "Michèle Sinner "Wohl bekomm's". D'Lëtzebuerger Land Nr. 3, 3. Juni 2011, S. 12-13.
  3. Rechenschaftsbericht, Landwirtschaftsministère; no Sinner 2011.