De Colin Clark, gebuer den 2. November 1905, a gestuerwen de 4. September 1989, war en engleschen Ekonomist.

Colin Clark
Gebuer 2. November 1905
London
Gestuerwen 4. September 1989
Brisbane
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Australien, Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Winchester College
Aktivitéit Ekonomist, Sta­tis­ti­ker, Fonctionnaire

Hien huet op der Universitéit Cambridge (1931-1937) dozéiert an duerno bis 1952 an England an an Australien, wou en als Beroder bei deenen zwou Regierunge geschafft huet. De Colin Clark huet eng Rei vu Bicher geschriwwen, an dobäi ëmwälzend Theorien entwéckelt am Zesummenhank mat der Ekonomie an der Statistik. Hie war den éischten, deen de Brutosozialprodukt (BSP), an net de Bruttoinlandsprodukt (BIP) als Moossstaf vu sengen Aarbechte benotzt huet. Am bekanntste sinn awer seng Wuesstemstheorien. Mat sengem Buch The conditions of Economic Progress (1940, Nodrock 1982) ass him hei een Duerchbroch gelongen.

Fir de wirtschaftleche Fortschrëtt an engem Land sécherzestellen, muss et, no him, zu enger Verlagerung vun der aktiver Bevëlkerung aus dem Primären (Akerbau a Biergbau) an de Sekundären (Industrie) an duerno an den Tertiäre Wirtschaftssektor (Handel an aner Servicer) kommen. De Jean Fourastié huet spéider déi Theorie nach preziséiert an ausgebaut.

Säi Wierk änneren

  • Colin Clark: The conditions of of Economic Progress, (1940, repr. 1982)
  • De Colin Clark huet ee wesentleche Bäitrag an der Columbia Encyclopedia geleescht.

Um Spaweck änneren