Akashi-Bréck
Thumb
Informatiounen
Land Japan
Stad Köbe-Awaji
Geographesch Lag 34° 40' 19" N
135° 11' 58" O
Längt 3.911 m
Gréisst Spanwäit 1.990.8 m
Breet 25,9 m
Héicht (Pilieren) 298.3 m
Architekten &
Ingenieuren
Typ Hänkbréck
Material Stol
Baujoer 1988 -1998
Kategorien
Brécken a Japan Hänkbrécken

D'Akashi-Kaikyō-Bréck, op Japanesch 明石海峡大橋 akashi-kaikyō ōhashi, sou genannt no der Strooss vun Akashi, ass eng Autobunnshänkbréck a Japan. Si geet vu Kōbe op der Haaptinsel Honshū op d'Insel Awaji.

Se huet 2 × 3 Fuerbunnen a mat enger Spanwäit vun 1990.8 m ass si fir de Moment déi Hänkbréck mat der gréisster Spanwäit.

Geschicht änneren

Virum Bau vun der Bréck ass den Transport tëscht den zwou Insele mat Ponte gemaach ginn. Zwéi grouss Onglécker hunn awer dunn déi japanesch Regierung dozou bruecht de Bau vun enger Bréck ze plangen.

De Grondsteen ass am Abrëll 1986 geluecht ginn a mam Bau ass am Mee 1988 ugefaange ginn.

Am Ufank war den Ofstand tëscht den zwéin 298.3 m héije Piliere genee 1.990 m. D'Äerdbiewe vu Kōbe, de 17. Januar 1995, dat säin Epizentrum genee tëscht de Pilieren hat, huet déi bal ee Meter méi wäit ausernee geréckelt. Wëll d'Bréck eréischt just am Ufank vum Bau war, huet dat awer keng grouss Schwieregkeete gemaach.

De 5. Abrëll 1998 ass se fir de Verkéier opgemaach ginn.

 
D'Akashi-Bréck aus der Loft

Technesch Daten änneren

D'Bréck hält Wandvitesse vun 80 m/s aus (bal 290 km/h), Äerdbiewe vun enger Stäerkt vun 8.5 op der Richterskala, a Mieresstréimunge vu 4.5 m/s.

D'Gesamtlängt vun der Bréck tëscht de Verankerungen ass 3.911 m an d'Breet tëscht den Drooseeler ass 35,5 m.

All Droseel huet een Duerchmiesser vun 1.122 mm a besteet aus 36.830 Dréit déi een Durchmiesser vu 5,23 mm hunn.

D'Gesamtgewiicht vun der Bréck (ouni Tierm a Stroossebelag) ass 147.000 Tonnen. An déi zwéi Pilieren (jiddweree weit 23.000 Tonnen) goufe sougenannt Massestabilisatoren oder Schwéngungstilgeren (en.: Tuned Mass Dampers, TMD) agebaut, fir bei Äerdbiewen oder Taifunen d'Vibratiounen opzefänken.

Um Spaweck änneren

Commons: Akashi-Kaikyo-Bréck – Biller, Videoen oder Audiodateien