Ajvar (op Mazedonesch: ајвар), ass en Iessenskascht op Basis vu Paprika, deen an der Kiche vun de Länner vum fréiere Jugoslawien, an doriwwer eraus vum Balkan, geleefeg ass.

Ajvar, mat Brout, Knuewelek an Zoossiss.

Et handelt sech ëm rout Paprikascheeken, déi gebak, geschielt, entkäert an dann op duussem Feier, zesumme mat Ueleg, zu engem déckflëssege Mous zerkacht ginn. Jee nodeem wéi schaarf een e gär hätt, kënnt Chilipeffer derbäi, oder och soss Gewierzer wéi Knuewelek.

Ajvar ësst ee kal op der Schmier, oder als Zooss vun engem Plat.