Ahmed Ben Bella

algeeresche Politiker

Den Ahmed Ben Bella (Arabesch: أحمد بن بلة, Ahmad ibn Billa), gebuer de 25. Dezember 1918 zu Maghnia a gestuerwen den 11. Abrëll 2012 zu Alger, war en algeeresche Politiker an deen éischte Staatspresident vu sengem Land.

Ahmed Ben Bella
Gebuer 25. Dezember 1916
Gestuerwen 11. Abrëll 2012
Alger
Nationalitéit Frankräich, Algerien
Aktivitéit Politiker, Foussballspiller

De Ben Bella ass 1936 an d'franséisch Arméi agezu ginn an duerno op Marseille geplënnert, wou en an der Saison 1939-1940 als Mëttelfeldspiller beim Olympique Marseille an der Ekipp war[1]. Wärend dem Zweete Weltkrich war hien an der franséischer Arméi, wou hien zum Adjudant avancéiert ass a spéider d'Médaille militaire krut.

1945 huet hien aus Protest géint de Massaker zu Sétif, den 8. Mee 1945 all Avancement refuséiert. Hien huet sech ëmmer méi fir en onofhängegt Algerien agesat a koum dowéinst an de Prisong. Hie konnt op Kairo flüchten an huet do 1954 den FLN opgebaut, deen am Algeereschen Onofhängegkeetskrich géint Frankräich gekämpft huet.

1956 gouf e vun de Fransouse gefaangegeholl. Hie koum 1962, nodeem Algerien onofhängeg gi war, hannescht a säi Land. Den 20. September 1962 gouf hien zum Premierminister gewielt.

1963 gouf e President vu sengem Land.

Hie gouf 1965 bei engem Staatsstreech duerch den Houari Boumédienne ofgesat an agespaart bis Juli 1979, duerno ënner Hausarrest gestallt bis an den Oktober 1980. No der Begnodegung duerch den neie Staatspresident Chadli Bendjedid goung hien 1981 an d'Schwäiz an den Exil.

Hie konnt léicht 1990 zeréck a seng Heemecht goen, wou hie sech haaptsächlech politesch international engagéiert huet. Sou huet hie weiderhin d'Cause vun de Palestinenser ënnerstëtzt a sech géint d'amerikanesch Aggressioun am Irak agesat.

Hie krut ee Staatsbegriefnes an d'algeeresch Regierung huet en 'Deuil national' dekretéiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Ahmed Ben Bella – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Seng Lizenz op der Websäit vum OM