Agata Kristi (Агата Кристи) ass eng russesch Rockgrupp vu Jekaterinburg, déi virun allem an den 1990er Joren hir grouss Erfolleger hat. Si huet dacks ganz déif a poetesch Liddertexter.

D'Band änneren

  • Wadim Samoilow, Gesank, Gittar, Liddtexter
  • Gleb Samoilow, Gesank, Gittar, Liddtexter
  • Alexander Koslow, Keyboard
  • Andrei Kotow, Perkussioun

Geschicht änneren

An hirem Jonktem vu Gruppe wéi Deep Purple, Led Zeppelin a Pink Floyd inspiréiert, hunn d'Samoilow-Bridder fréi ugefaange Musek ze maachen. Schonn an der 10. Klass huet de Gleb Samoilow just nach Eegekompositioune gespillt. 1987 koum et dunn zur Grënnung vun der Grupp Agata Kristi.

Den Numm leet sech vun der Schrëftstellerin Agatha Christie of, mä et ass u sech elo kee speziellen Hommage u si. Et ass sou gewiescht, datt d'Grupp bei den Opname vun hirem éischten Album Vtoroj Front ëmmer nach keen Numm hat an et ass de Jongen einfach näischt agefall. Do huet den Alexander Koslov op eemol aus heiterem Himmel Agata Kristi geruff. Dee Virschlag ass bei senge Bandkolleegen net direkt op grouss Begeeschterung gestouss, mä well keen op e besseren Numm koum a well de Public se ënner deem Numm akzeptéiert huet, ass et dobäi bliwwen.

Den 20. Februar 1988 hat Agata Kristi hiren éischte Concert, an zwar an der Hal 2 vum Ural-polytechneschen Institut. D'Grupp ass ganz positiv ukomm an huet sech du beim Festival vum Swerdlowsk-Rock-Klub versicht, wat definitiv hiert d'Sprangbriet zu grousser Popularitéit sollt ginn.

1991 hunn déi véier hir éischt international Tournee duerch Europa gemaach.

Mat der Zäit huet d'Grupp ëmmer emol erëm hire Stil liicht geännert an heiansdo e méi kommerziellen Album gemaach (z. B. Opium), dann erëm e ganz aneren, deen ee mat deem viregen an der Ausriichtung guer net vergläiche kann (z. B. Uragan). Mä alles an allem ass et awer ëmmer ganz lieweg a poetesch Rockmusek bliwwen.

An deene leschte Joren hu Kritiker d'Grupp schonn ofgeschriwwe gehat. Mä Agata Kristi huet do mat hirem Album Triller. Chast' 1 ganz androcksvoll bewisen, datt nach ëmmer mat hinnen ze rechnen ass.

Discographie änneren

Donieft gëtt et och nach eng Rei live a best of Albumen.

Um Spaweck änneren