Kakuett

Planz aus Famill vun de Scheekefriichten
(Virugeleet vu(n) Afennoss)


D'Kakuett (Arachis hypogaea), och Afennoss genannt ass eng Planz aus Famill vun de Scheekefriichten. Si blitt haaptsächlech a Südamerika, den Tropen an an de Subtropen.

Kakuett
Kakuetten
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Rosopsida
Uerdnung Fabales
Famill Scheekefriichten
Gattung Arachis
Wëssenschaftlechen Numm
Arachis hypogaea
Linnaeus.

D'Kakuett entsteet aus engem giele Kraut dat ee Joer laang blitt. Nodeem et verblitt ass, entsteet eng längelzeg, gekrëmmt Fruucht, déi sech an de Buedem erandréckt. Do gëtt de Som zeideg, an der Reegel zwéi pro Scheekefruucht.

Kakuette kann ee mat Zocker, Salz oder geréischtert iessen. Et gëtt ausserdeem Kakuettenueleg a Kakuettebotter doraus gemaach.

Den Ueleg vun den Nosskären huet vill essentiell Fettsaieren, wéi z. B. d'Linolsaier. Si enthalen ausserdeem vill Vitaminnen, wéi de Vitaminn E, Biotin, Kalium a Magnesium.

D'Kakuetten hunn allerdéngs den Nodeel, datt si vill Liewensmëttelallergië kënnen ausléisen.

Um Spaweck änneren

Commons: Kakuett – Biller, Videoen oder Audiodateien