Aeroplane Cemetery
britteschen Zaldotekierfecht an der Belsch
Den Aeroplane Cemetery ass en Zaldotekierfecht mat brittesche Gefale vum Éischte Weltkrich an der belscher Stad Ipren. Et ass e Commonwealth-Kierfecht op deem 1.105 Zaldoten aus dem Commonwealth begruewe leien, wouvun der 636 net bekannt sinn.
Entrée vum Kierfecht | |
Land | Belsch |
---|---|
Gemeng | Zonnebeke |
Ugeluecht | August 1917 |
Koordinaten |
50° 51’ 49’’ N 02° 55’ 52’’ O |
De Kierfecht gouf vum Reginald Blomfield geplangt an huet eng Fläch vun 41,59 Ar. E läit ronn 4 Kilometer nordëstlech vum Zentrum vun Ipren um Zonnebeekseweg an 350 Meter vum franséischen Zaldotekierfecht Saint-Charles de Potyze.
De Kierfecht ass rechteckeg an hannen an der Mëtt steet en Afferkräiz. Laanscht d'Mauer am Oste steet en Erënnerungssteen a laanscht déi am Westen eng Kapell.
De Kierfecht krut säin Numm well op der Plaz wou d'Afferkräiz steet 1915 e brittesche Fliger erofgefall war[1].
Um Spaweck
ännerenCommons: Aeroplane Cemetery – Biller, Videoen oder Audiodateien |