Adrien Meisch

lëtzebuergeschen Diplomat


Den Adrien Meisch, gebuer den 8. Abrëll 1930 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 12. Mee 2020 zu Vallauris a Südfrankräich[1], war e lëtzebuergeschen Diplomat a Museker.

Adrien Meisch
Gebuer 8. Abrëll 1930
Lëtzebuerg
Gestuerwen 12. Mee 2020
Antibes
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Diplomat

Den Adrien Meisch huet uganks als Attaché am Ausseministère geschafft, duerno an der Stänneger Vertriedung zu New York, zu Bréissel, bei der OECD a bei der Nato. Hie koum hannescht op Lëtzebuerg a war ë. a. Direkter fir politesch Affären am Ausseministère.

Vun 1971 u war hie Botschafter op verschiddene Plazen:

Den Adrien Meisch huet an der Diplomatie grad wéi duerch säi kosmopolitescht Wiesen an och duerch seng kulturell Astellung vill fir Lëtzebuerg erreecht. Dozou zielen absënns seng Treffen zu Moskau mat Museker an Intellektuelle wärend dem Kale Krich. Och méi spéit huet hien an Däitschland an an den USA d'Prominenz aus der Politik an der Wirtschaft mat Kënschtler op Receptiounen an der Ambassade zesummebruecht. Hie war en douéierte Pianosspiller an huet op Receptioune Concerten zesumme mat senger Fra Candace Johnson ginn, déi gesongen huet. Op dës kulturell a gesellschaftlech Manéier konnt hie seng Gäscht fir Lëtzebuerg interesséieren.

Als Beispiller fir säin erfollegräicht Wierken als Vermëttler am Hannergrond waren z. B. den Oochener Karlspräis fir d'Lëtzebuerger Vollek (1986), d'Filiale vun däitsche Banken zu Lëtzebuerg, den Erfolleg vun den Astra-Satelliten an der SES, säin Asaz fir eng Universitéit zu Lëtzebuerg ze grënnen, de Bau vun der Philharmonie an dem Mudam.

Auszeechnungen[1] änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 16./17. Mee 2020, S. 87
  2. Luxemburg muss sich seiner Charakterköpfe erinnern. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2022-05-11). Gekuckt de(n) 2022-05-11.