Adolphe Omlor
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Charles-François-Jean-Adolphe Omlor, genannt Adolphe Omlor,, gebuer de 25. Mee 1847 zu Saarbrécken als Karl Franz Johann Adolph Omlor, a gestuerwen de 17. Mäerz 1927 zu Wiesbaden, war e lëtzebuergeschen Industriellen.[1]
Adolphe Omlor | |
---|---|
Gebuertsnumm | Karl Franz Johann Adolph Omlor |
Gebuer |
25. Mee 1847 Saarbrécken |
Gestuerwen |
17. Mäerz 1927 Wiesbaden |
Nationalitéit | Däitschland, Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Industriellen |
Biographie
änneren1866 koum den Adolphe Omlor op Aluedung vu sengem kranke Monni, dem Auguste Charles, op Lëtzebuerg an huet an deem senger Händschefabrik Auguste Charles&Cie matgeschafft, vun där en am Joer 1870 Direkter gouf.
Den Adolphe Omlor war Member vum stännege Kommitee vun der Chambre de commerce a vum Consistoire vun der protestantescher Kierch. Vun 1879 bis 1892 war hie Schäffe vun der Gemeng Hollerech.
Den 10. Januar 1876 krut den Adolphe Omlor duerch Naturalisatioun d'lëtzebuergesch Nationalitéit[2].
E puer Joer méi spéit, den 30. Abrëll 1881, gouf den Adolphe Omlor zu Dikrech mat der Berthe Hartmann, Duechter vum Antoine Hartmann, bestuet. Si kruten e Meedchen, d'Marie Thérèse Wilhelmine Omlor.
Strooss
ännerenZu Bouneweg ass eng Strooss nom Adolphe Omlor benannt. D'Rue Adolphe-Omlor verbënnt d'Rue de Pont-Rémy mat der Rue Paul-Medinger.[3]
Referenzen
änneren- ↑ https://www.industrie.lu/ManufacturedegantsCharles.html
- ↑ https://viewer.eluxemburgensia.lu/ark:70795/vj3rncqg89/pages/8/articles/DIVL568?search=adolphe%20omlor
- ↑ https://onsstad.vdl.lu/ausgaben/detail?tx_onsstadnews_detail%5Baction%5D=show&tx_onsstadnews_detail%5Bcontroller%5D=News&tx_onsstadnews_detail%5Bnews%5D=785&cHash=f0b1296bb858ae04e5745528a31e9eab#book/29