Auguste-Antoine Charles

Banquier an Industriellen


Den Auguste-Antoine Charles, gebuer den 18. August 1814 zu Paderborn, gestuerwen den 8. Juni 1870 zu Bouneweg, war e Fräimaurer[1], Banquier an Industriellen.

Auguste-Antoine Charles
Gebuer 18. August 1814
Paderborn
Gestuerwen 8. Juni 1870
Bouneweg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Banquier, Industriellen

Hie war 1852 Matgrënner vun der Firma „Charles & Werling“ déi eng Händschefabréck an eng Bank bedriwwen huet. D'Händschefabréck zu Bouneweg huet hien am Joer 1856 iwwerholl an ënner dem Numm Auguste Charles & Cie eleng weider gefouert.

Fir un de Charles z'erënneren ass den Deel vum CR225 dee vum Rond-point zu Bouneweg bis op d'Uelzechtbréck tëscht Bouneweg an Hamm féiert no him benannt: rue Auguste Charles.

Referenzen änneren

  1. 1717 - 2017 quelques réflections sur le Tricentenaire de la Franc-Maçonnerie - Editions de la Grande Loge de Luxembourg - imprimerie Reka, juin 1917 ISBN 978-2-9199475-0-8 Säit 67