Eng administrativ Juegd ass eng Juegd, déi vum zoustännege Minister am allgemengen Interessi ordonéiert ka ginn, sief et op eng schrëftlech a motivéiert Ufro vun alle Betraffenen hin, sief et aus eegener Initiativ, an dat op allen Terrainen, och op deenen, wou d'Juegd verbueden, suspendéiert oder limitéiert ass, an och an deenen Zäiten, wou d'Juegd zou ass.

Bedingungen änneren

Eng administrativ Juegd kann ënner follgende Bedingungen ordonéiert ginn:

  • Wann ze vill Wëld um Lous ass, wat dann och ze vill Wëldschued mat sech bréngt.
  • Wa Wëld oder iergend aner Déieren onerlaabt ausgesat goufen.
  • Fir eng Seuch ze verhënneren.

Ier de Minister d'Juegd ordonéiert, informéiert hien de Piechter, eventuell och d'Proprietäre vun den zeréckgezunnene Parzellen an d'Proprietäre, vun den Terrainen, wou d'Juegd verbueden ass, iwwert seng Intentioun a setzt en Delai fir déi néideg Moossnamen ze huelen.

Wann dorops hin näischt oder net genuch geschitt, dann ordonéiert de Minister d'Juegd, nodeems hien déi concernéiert Parteien informéiert huet, an och den Avis vum ieweschte Juegdconseil gefrot huet.

Wien organiséiert se änneren

D'Natur- a Bëschverwaltung organiséiert, dirigéiert an iwwerwaacht se. D'Verwaltung leet och fest, wien däerf participéieren. Alleguerten, déi arméiert hëllefen, mussen e gültege Juegdschäin hunn.

Wie bezilt se änneren

  • De Piechter vum Lous, wann et op Terrainen ass, wou d'Juegd erlaabt ass.
  • De Proprietär, wann et op Terrainen ass, déi zeréckgezunn sinn.
  • De Staat, wann et op Terrainen ass, wou d'Juegd duerch e Reglement oder Gesetz verbueden ass.
  • Deejéinegen, deen d'Déieren ausgesat huet, wann hien erwëscht gouf.

An den anere Fäll muss de Staat fir d'Onkäschten opkommen.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren